Henri Schwartz 1911 beim 1. offiziellen Fussball-Lännermatch vu Lëtzebuerg

More
13 hours 10 minutes ago #1211 by clauhe
Jo, den Henri Schwartz, Büchsenmacher vu Miersch, huet am Joer 1911 am 1. offiziellen Fussball-Lännermatch vu Lëtzebuerg matgespillt.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
18 hours 9 minutes ago #1210 by admin
Ginn et weider Informatiounen iwwert den Henri Schwartz, deen 29.10.1911 beim 1. offiziellen Fussball-Lännermatch vu Lëtzebuerg matgespillt huet. Dëse Match géint Frankräich ass 1 : 4 verluer gangen.

Deen Henri Schwartz war "Büchsenmacher".

Bei deem Match hu just Spiller aus de Stater Veräiner matgespillt, kann et sech hei awer ëm, de "Mierscher" Henri Schwartz handelen? dee war jo "Büchsenmacher"
Huet deen Fussball gespillt?

Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!

Alles Gutts,

Jean-Marie - info@industrie.lu 



 

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

industrie.lu - Updates

Ënnerstëtzt industrie.lu

 


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

Säit vun der Woch

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « Don à 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding