Wou ass dëst zu Nidderfeelen / Niederfeulen?

More
8 hours 57 minutes ago #1163 by clauhe
Hei si mer zu Nidderfeelen, 2 Montée du Knapp.
Dat wor/ass de Café (Restaurant) am Duerf  Beim Leo.
Décoratioun dobannen war/ass ganz zum Thema Laurel an Hardy (Stan an Olli) oder och nach Decken an Dennen. An d'Iessen war och ok.
 
bG
Claude
The following user(s) said Thank You: Eisleker

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
12 hours 54 minutes ago #1162 by Eisleker
Ech hunn elo grad déi flott Säit iwwert Nidderfeelen hei gesinn.


Ass vläicht bekannt wou genee dës Foto zu Niederfeulen gemaach gouf a wéi ee Café riets ass?

Villmools Merci am Viraus an nach ee schéinen Daag!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu

 


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « Don à 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding