- Posts: 4
industrie.lu - D'Industriegeschicht vu Lëtzebuerg, an doriwwer eraus
Wéi ee Café - Restaurant - Dancing ass dëst zu Esch/Alzette?
- Aldo
- Offline
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- admin
- Offline
- Posts: 339
Villmools Merci am Viraus! info@industrie.lu
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- jmo
- Topic Author
- Offline
- Posts: 281
D'Raumopdeelung am Gebai zu Esch op 121 rue de l'Alzette hautzudaags stëmmt jiddefalls gréisstendeels mat de Fotoen aus den 1930er Joren iwwereneen (och wann dës Raumopdeelung an aneren Haiser kinnt d'selwecht sinn...). De Raum gouf just méi grouss gemaach, well de Gank an déi 2. Entréesdier gouf an de Raum integréiert, duerfir ass elo e.a. d'Plaz wou de Comptoir stoung elo méi déif. (Photo montage: industrie.lu)
All wei der Info / Foto w.e.g. un
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- admin
- Offline
- Posts: 339
BATTIN : Dat as emol secher de Minette, wou genau weess ech ewer och nitt. A Battin steet fir de marchand de vin et liqueurs an nitt fir d' Brauerei Battin .
Vum Look hier missten et 1920er Joere sinn, vlächt nach esou just Ufank 1930er, dat giff och bei d'Zaapanlag passen ... also schätzen ech d'Fotoen op 1926-1931
Villmools Merci!
Zäitlech ging dat jo mol bei den Paris-Palace, Esch passen
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- admin
- Offline
- Posts: 339
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- admin
- Offline
- Posts: 339
Hei ass meng Iwwerleeung zu dem Café vun Esch:
An der Fënster do stinn e puer Buschtawen déi een och mat Hëllef vun deem Spigel un der Mauer kann erkennen.
Buschtawe " PAS" sinn hei ze erkennen a missten da jo an deem Numm dra sinn.
Mat e besëssen Fantasie kéinnt een do liesen "Café-Restaurant - Dancing - , an ënnendrënner kéint den Numm vum Besëtzer oder den Numm vum Café stoen.
Mee wou dat zu Esch war, weess ech net,.. leider. )-:
mbG,
Claude Hermes
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- jmo
- Topic Author
- Offline
- Posts: 281
Un der Mauer hängt ee Battin - Kalenner...
D'Fotoen missten tëscht 1937 an 1948 sinn, well op enger Foto gesäit een ee Battin - Kalenner ( Battin gëtt et eréischt zënter 1937, ech weess och net ob se déi éischt Joren Kalenneren drécke gelooss hunn), et goufen déi éischt 10 Joer wahrscheinlech och net esouvill Battin -Caféen; an d' Fey Frères, photographes, Esch/Alzette woaren 1949 zu Mondorf. Wéini se tëscht 1944 an 1948 vun Esch op Mondorf geplënnert sinn, hunn ech nach net erausfonnt.
Hei si weider Fotoen (Vergréisserungen): Wéi ee Café - Restaurant - Dancing ass dëst zu Esch/Alzette?
Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
Ënnerstëtzt industrie.lu
- mat Informatiounen / alen Dokumenter / Fotoen / Verbesserungen
- mat engem Abo oder Like vun eiser Facebook-Säit an eiser Instagram-Säit
- mat der Bestellung vum industrie.lu - USB Stick:
- mat engem Don, well eise Projet gréisstendeels duerch privat Spenden finanzéiert gëtt.
Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!
Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!
industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren
Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.
Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.
Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL) mat der Mentioun « Don à 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.
All Ënnerstëtzung zielt - Villmools Merci am Viraus !
Weider Themesäiten
- Ingénieurs
- Erfindungen - Erfinder
- Industriekultur - Muséeën
- Denkmalschutz
- Industrie & Geschicht
- Industrie & Sprooch
- Industrie & Plazen
- Industrie & Aktien
- Industrie & Konscht
- Eisebunns-Patrimoine
- Industrie & Assurancen
- Industrie & Banken
- Industrie & Geld
- Industrie & Pompjeeën
- Industrie & Haiser
- Wierkbunnen
- Schëfffaart
- Aviatioun
- Déi al Giel Säiten vu Lëtzebuerg
- Hôtels
- Caféen - Wiertschaften
LU
DE
EN
FR

