De Bunker bei der Bréck zu Dummeldeng - Beggen

More
10 hours 35 minutes ago - 9 hours 31 minutes ago #1141 by admin
     
De Bunker bei der Bréck zu Dummeldeng - Beggen, direkt nierwend dem Vëloswee – wéini get dee Bunker endlech renovéiert an als Mahnmal en Valeur gesat ?
  • Wat geschitt mat deem Bunker, elo wou d‘Bréck dëst Joer ofgerappt, an duerch eng nei Bréck ersat gëtt?
  • Wou ginn / goufen et nach aner esou Bunkeren un Eisebunnsstrecken zu Lëtzebuerg?  Luxembourg-Nord, Déifferdeng...

Villmools Merci am Viraus fir all Info!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu

 


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login