Wou waren des Rëmelenger Stroossen ?

More
6 hours 33 minutes ago - 4 hours 58 minutes ago #1123 by clauhe
Wees een wou des Rëmelenger Stroosse waren ?
An der Volkszählung vun 1887 fanne mär d'Adress "Schmelzerberg", wou war dat genau ?
An der Volkszählung vun 1895 liese mer folgend Adressen;  Reutercaserne,  Perlotcaserne, an an der OMZ vum 25.11.1898 liese mer vun enger Karolusgasse (es soll dies eine zweite Transversalstraße sein), wou waren déi ?
Dann nach die häiteg rue Ferrer. Dess Strooss get net an der Volkszählung am Joer 1900 ernimmt. Hei stungen awer schons em dess Zäit e puer Häiser. Zu welscher Strooss goufen dess Häiser gezielt ?

Merci fir all Hëllef

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu

 


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login