Wou ass dëst zu Ëlwen? Geléist!

More
6 months 5 days ago #1024 by Eisleker
Replied by Eisleker on topic Wou ass dëst zu Ëlwen? Geléist!
Villmools Merci fir déi präzis Äntwert! Ech haat gemengt dat wier op der Gewaan.

BG

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
6 months 1 week ago #1023 by admin
Replied by admin on topic Wou ass dëst zu Ëlwen? Geléist!
Hei ass d'Léisung vum Robert Wagener. Villmools Merci!

Dat Haus do steet nach, an zwar an der Rue des Près N° 8.
 
Hei ass ee Screenshot aus Google-Maps.

Et ass awer mëttlerweil vun héijen Dännebeem ëmginn, an huet och Nopere kritt. D'Foto vun der dote Postkaart ass ongeféier aus der Aasselbuerer-Strooss - wann een ënnert der neier Stroosse-Bréck stoe géif - gemaach ginn.
Ween dat Haus gebaut huet weess ech awer net, haut wunnen do e puer Famillen dran

bescht Gréiss

de Roby

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
6 months 1 week ago #1021 by Eisleker
Wou ass dëst zu Ëlwen? Geléist! was created by Eisleker
Gudden Owend,

Ech hunn hei eng Fro zu folgender Foto vun Ëlwen:



Wou ass dat genee an wiem säin Haus war dat?

Villmools Merci am Viraus!

E schéinen Owend

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login