Wou war dëse Café de la P.....? Geléist!

More
6 hours 54 minutes ago #1020 by admin
Villmools Merci fir déi Hëllef! 

Hei ass eis nei Säit iwwert de  Café Chaplin, Ehlerange

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 day 8 hours ago #1019 by clauhe
Replied by clauhe on topic Wou war dëse Café de la P.....? Geléist!
Gudde Metteg
Dëse Café war, as zu Eileréng (Ehlerange) 2, rue de Mondercange, um Eck mat der rue de Mondercange an der rue d'Esch.
Bis zum 4. Oktober 1958 huet d'Madame Emile Dumong, gebueren Marguerite Biltgen dësse Café ennert dem Numm "Café Belle-Vue" gefouert. (LW 4.10.1958)
De 9. November 1960 stieft sie zu Eilereng am Alter vun 70 Joer. (LW 11.11.1960). Hiere Mann, den Här Emile Dumong vu Beruf cafetier ass den 5. Mee 1956 am Alter vun 78 Joer zu Eilereng verscheed. (LW 8.5.1956)
De 4. Oktober 1958 (LW 4.10.1958) iwwerhëllt d'Madame Diederich, bestuet mam Camille Nothar de Café dee mer dann ennert dem Numm "Café de la Promenade" fannen. (LW 29.1.1966) Dëss Koppel hat ewëll schon den 29. Abrëll 1944 de Café Speller zu Monnerech iwwerholl. (T 27.4.1944)
Den 31. Juli 1975 gët dëse Café vun senge Besetzer versteet. (LW 4.8.1975)
Haut dréit de Café den Numm "Chaplin"
Dës Foto hei am Forum wéist eis de Café de la Promenade zu déier Zäit wou d'Famill C. Diederich-Nothar (Numm an der Fenster)  e gefouert huet.
bG
Claude Hermes

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 week 2 days ago - 1 week 2 days ago #1018 by jmo
     
Café de la P.... - Bières Bofferding - propr.: C. Did... - ...ar, Hausnummer 2  (Collection: industrie.lu)

Vläicht erkennt een d'Kirch:




Villmools merci am Viraus fir all Info!

MbG, 

Jean-Marie

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.158 seconds

Ënnerstëtzt industrie.lu

Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu-Login