Wéivill Doudeger a Minièren

More
23 hours 31 minutes ago #1054 by clauhe
Replied by clauhe on topic Wéivill Doudeger a Minièren
Gudde Moien
Ech huelen mol un dass där hei de Minette mengt.
Iwwer déi déi an de Minen léie bliwwe sinn, do get et eng kleng Statistik  mininghistory.uni.lu/de/statistiken/
Zu Keel bei de Léiffrächen, beim Nationalen Denkmal fir all Mineuren déi an den Eisenärzgrouwen ! emkomm sinn, stinn hier Nimm. Hei muss awer opgepasst ginn, et liest een hei Nimm, ee secher mol, deen ass zu Ottange also an enger franséischer Minn gestuewen, seet awer well en zu Rëmeleng gewunnt huet hei op enger Tafel.
Zu de Verletzten, do mengen ech get et keng zouverlässeg Lëscht. Et ass och am Ufangk, am 1900 Joerhonnert, net alles esou genau opgeschriwwe ginn.

Mä villächt wees e méi hei riwwer.
bG

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
1 day 12 hours ago #1053 by Minettsdapp
Wéivill Doudeger a Minièren was created by Minettsdapp
Gudden Owend,

Ginn et Statistiken iwwert d'Doudeger / Verletzter / Accidenter a de lëtzebuerger Minièren?

Villmools Merci am Viraus,

MbG,

MD

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu-Login