Eau de table gazeuse Klingelbronn - Cristal Mondorf?

More
4 years 1 month ago - 4 years 1 month ago #418 by admin
Gudden Owend,

Hei ass eng schéin Etiquette "Eau de table gazeuse Klingelbronn", déi eis de Rico Winandy erageschëckt huet:


Op der Etiquette ass eng Vue vum "Kaaschtel" (Kräizgank a Kapell), e Site tëscht Mondorf-Bad an Altwies, geleeën a Frankräich op knapps 100 Meter vun der Grenzbaach Ganer (dt. Gander). Den Etiquettendrock stammt vu Lith.M.Huss, Luxbg.

Ass dëst eng Etiquette aus der Ufankszait vun Cristal Mondorf oder war ët just ee Projet a gouf nie ënnert där Form benotzt?

Wiesou gouf de Numm "Klingelbronn" an nët "Kléngelbour" oder "Klingelbrunnen" benotzt?

Villmools Merci am Viraus fir all Tuyau!

This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
Last edit: 4 years 1 month ago by admin.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.062 seconds
Go to top