Dove è Birra Diekirch?

More
7 years 10 months ago #211 by Robert
Replied by Robert on topic Dove è Birra Diekirch?
Ech ging drop tippen dat déi Foto an den 30ër Joëre gemach gouf.

D'Strooss op där de Café lait huet Pavé an een Trottoir! Nët vill Stroossen haten een Trottoir zu där Zait, haaptsächlech Haaptstroossen. Ech giff mengen do giffen en ganz Partie Stroossen ewegfaalen.

Dee Café kinnt awer zu Esch gewiecht sin. Do gouf ët och vill italienesch Caféën. Ech denken do un d': rue d'Audun, rue de l'Industrie, rue du Brill,

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
7 years 10 months ago - 7 years 10 months ago #210 by admin
Replied by admin on topic Dove è Birra Diekirch?
All d'Hiweiser déi mer bis elo kruten tippen op e Café zu Diddeleng... Allerdings ouni Garantie.


Gët ët eng Lëscht mat Caféën déi virum Krich vun der Dikrecher Brauerei beliwert gouwen?


Hei ass mol eng Lëscht (1948) vu Caféën mat italienësch klëngenden Nimm zu Diddeleng:

Baldissera, 14 rue des Minières
Cappelari, 70 rue des Minières
Debra, 1 rue de Kayl
Eutropi, 89 rue Gare-Usine
Forty, 1 rue de la Libération
Longari, 28 rue Gare-Usine
Mastropietro, 16 rue Gare-Usine
Radrizzi, 25 rue Jean Jaurès
Rufini, 36 rue de la Libération
Rufini, 231 rue de la Libération
Solagna, 58 rue Gare-Usine
Tamborini, 83 rue de la Libération
Tavan, 101 rue des Minières
Terreri, 120 rue des Minières
Turra, 14 rue de l'Industrie
Verdi, 10 rue Gare-Usine
Zigliana, 145 rue des Minières

Vleicht hëlleft dat weider...



Wéi eng Uniform hun déi 3 Jongen an der éischter Reih op der Foto un?


Villmols merci am Viraus fir all weider Hiweis!

This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
Last edit: 7 years 10 months ago by admin.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
7 years 10 months ago #209 by jmo
Dove è Birra Diekirch? was created by jmo
Wou kinnt dëst sin?



Birra Diekirch - a lenks Bigliardo (billard) (Collection: Serge Kugener)

Villmols merci am Viraus!

This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.078 seconds
Go to top