Allgemeiner Arbeiter Consum-Verein Luxemburg

Mehr
10 Jahre 10 Monate her #133 von Mcc
Merci un iech zwee, daat doten ass schon net schlecht.
wann ech zeit hun, werd ech probeieren den zweeten Deel vum Stempel mei lieserlech ze machen, villeicht stet de genauen Numm vum Quartier oder vum Duerf drob...

Waat ech just komesch fannen dass Consum mat C geschriwen ass.....

Villmools Merci nach eng keier....
Claude

www.mcc.lu

...bis geschwenn......

Claude


www.mcc.lu

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
10 Jahre 10 Monate her #132 von jmo
Hei sin e puer Informatiounen vun der Sait iwert Epicerieën a Supermarchéën zu Lëtzebuerg op industrie.lu :

Den "Allgemeiner Arbeiter-Consum-Verein für Luxemburg und Umgegend" schingt haaptsächech Filialen an der Stad selwer an Emgéigend gehat hun, an dat obmanst vun 1905 - 1944:

Allgemeiner Arbeiter-Consum-Verein für Luxemburg und Umgegend - 1905 (Rechnung - Collection: jmo)
Verkaufsstellen: Grund, Pfaffenthal, Clausen, Weimerskirch, Bonneweg, Hollerich
1931: Lokal, 104 Bonnewegerstraße
11.11.1944: Ausserordentliche Generalversammlung
Folgende Benutzer bedankten sich: Mcc

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
10 Jahre 10 Monate her #131 von celobrio
Moin
Geschicht vun den Konsumen oder Cooperativen huet hei zu Letzebuerg eng laang Traditioun an get opschluss iwwert sozial,kulturell an wirtschaftlech Aspekter hei zu Letzebuerg.Eng gewessen Trennung vun der Gesellschaft brengen des Geschaefter awer och mat sech.
Et goufen verschieden Cooperativen/Konsumbuttiker wou oft Gewerkschaften,Betrieber oder Verainer den Berdreiwer waren. Je no Staerk vun der Gewerkschaft oder Verain waren Praisser belleg.
E puer Beispiller vun esou Cooperativmodeller waren zu:
Bettembourg
Bonnevoie
Ettelbrueck
Petange
Schifflange
Differdange
Dudelange........asf.
Mengen Wessens no besteht keng esou Cooperative mei hei zu Letzebuerg.
Em den Consum wou et hei geht misst an dem Garer Quartier gewiescht sinn vis à vis vum Economat(ouni Garantie baseiert op Erziehlungen)
Folgende Benutzer bedankten sich: Mcc

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
10 Jahre 10 Monate her - 10 Jahre 10 Monate her #130 von Mcc
Moinmoin,

virun 3 Wochen hun ech eng amerikanesch National Kées vun 1911 ergaddert.
Beim demonteieren hun ech de "Stempel" eraus geholl , daat Stéck also waat den Ticket gedreckt huet.
Ech hun dun festgestallt, dass ed eng Kées ass, dei zu Letzebuerg an engem Geschäft muss gestann hun.

Um Stempel steet : Allg. Arbeiter-Consum-Verein Luxemburg Telefon 131 (181)

Ed ass och nach en zweeten Stempel drob, mee leider kreien ech do neischt mei entziffert...

Ech hun elo e bessi gesicht fir eppes iwert den Consum-Verein eraus ze fannen, mee auuser ob desem Site hun ech neischt fonnt....

Villeicht wees jo en hei mei... :)

ed wier nähmlech flott e bessi iwert Geschicht gewuehr ze ginn...

Merci am viraus

Claude






...bis geschwenn......

Claude


www.mcc.lu

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Unterstützen Sie industrie.lu

Jede Geste ist für uns eine große Hilfe!

Vielen Dank im Voraus für jede Unterstützung!

News

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL) iwwerwise gëtt, mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus !  
Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wéi sichen & fannen um industrie.lu?

Den industrie.lu gët all Dag méi grouss. Duerfir ginn et verschidde Méiglechkeeten eppes um industrie.lu ze sichen an och  ze fannen:

 

D’industrie.lu-Sich-Funktioun:


 Gitt een oder méih Wieder an fir ze sichen, zB: Mersch Gierwerei
'*' an '?' kënnen als Jokerën benotzt gin, z.B. Luxem* fir glaichzaitëg Luxemburg an Luxembourg ze sichen, oder Du?ont, fir glaichzaitëg Dumont an Dupont ze sichen.



Lescht Ännerungen - Last Updates - Dernières modifications - Letzte Änderungen

Déi regelméisseg Visiteuren fannen déi lescht Ännerungen um industrie.lu chronologesch sortéiert an der Rubrik Updates. Esou kann ee matverfollegen ewéi den industrie.lu sech weider entwéckelt an op wéi enge Säiten eppes geännert huet.

Do gesäit een och déi aktuell Unzuel Säiten:

Et gëtt also ee Grond fir all Dag um industrie.lu laanscht ze surfen...

 

Sich op Säit - Find in page – Recherche sur page – Suche auf Seite

Verschidde Säiten um industrie sin zimlech laang an duerfir ass net ëmmer einfach e bestëmmt Wuert erëmzefannen. D'Sich vun engem bestëmmte Wuert op enger laanger Säit hänkt awer vun der Maschinn of, wou een drop schafft:

    • Windows : d'Ctrl-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
    • Mac : d'Command-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
    • Android: uewen riets op déi 3 Punkten tippen, an duerno "Find in page" benotzen.

                   

    • iOS (Iphone/Ipad): op de Share-Käppchen (Këscht mat Feil no uewen) drécken, 

                   
                  an dann "Find on page" selektionéieren: 
                  

 

 

Da geet jeweils eng kleng Fënster op (ënnen oder uewen, jee no Browser) wou een dann ee Wuert kann antippen, an duerno et sichen:

 
Wann dat Wuert e puer mol op där Säit vir kënnt, kann ee mat de Feiler (riets) vu Wuert zu Wuert sprangen.

 

 

Regruppement no dem Industrietyp:

Déi verschiddenen Themesaiten:

 

 

Et kann ee och e puer vun dëse Funktiounen combinéieren. Wann een dann nach ëmmer eppes net sollt fannen, gët et nach ëmmer d’industrie.lu-Helpline: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein. 

Ennerstëtzt industrie.lu

Um Internet-Site "www.industrie.lu" ginn op iwwert 13.700 Säiten d’Geschicht vun Industrien, Fabriken, Produkter, etc. vu Lëtzebuerg, an doriwwer eraus, virgestallt. D’Alldagskultur vu Lëtzebuerg gëtt heimat dokumentéiert. Leider ginn et vu villen Industrien keng Archiven méi, an all Informatioun muss ewéi an engem Puzzle stëckweis zesummegesicht ginn. All Informatioun ass an dësem Puzzle wichteg!

Bei dësem Projet, kënn Dir eis weiderhëllefen mat aalen Dokumenter, Bréiwer, Prospekter, Rechnungen, Aktien, Produkter an hir Verpackung, Reklammen, Fotoen, Bicher, a soss Informatiounen vun lëtzebuerger Industrien a Fabriken. Jidder zousätzlech Informatioun a jiddwer Foto ass wëllkomm. D’Original kritt Dir natierlech zréck!

Mir hunn zënter iwwert 20 Joer ganz vill Zäit a Suen an dësen Projet investéiert.

Wann eise Projet Iech gefällt, kënn Dir den industrie.lu - Projet awer och mat liken / followen vun eise Säiten op Facebook / Instagram, mat engem Don, mat Sponsoring, etc ënnerstëtzen.
 

 

Mir soen am Viraus villmools Merci fir all Ënnerstëtzung!

 

industrie.lu a.s.b.l.

c/o Jean-Marie Ottelé
8 rue Roger Frisch
L-4956 Hautcharage

Email: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Phone: +(352) 621 648 343


IBAN: LU45 1111 2423 6963 0000 BIC: CCPLLULL

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Unterstützen Sie #SaveThePast

industrie.lu - Eine Webseite als Nation Branding

industrie.lu - Eine Webseite als Nation Branding

 

industrie.lu-Login