Thomas Stolwierk - Fro un eis Siderurgisten - Geléist!

Mehr
1 Tag 6 Stunden her #1077 von clauhe
Ech soen dem Här Feinen villmools merci fir all dess Infoen. Déi hëllefe scho vill weider.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
2 Tage 12 Stunden her #1076 von admin
Hei ass d'Äntwert vum Michel Feinen. Villmools Merci!:
Effektiv gouf och am Thomas-Prozess Schrott agesaat.
Engersäits natirlech och deemols schon am Sënn vun "économie circulaire" mais awer och well duerch d'Buedemblose mat Loft (deelweis och scho mat Sauerstoff ugeräicherter Loft) Schrottasaatz méiglech an erwënscht war, notamment fir de Stéckstoffgehalt net ze héich ze kréien an awer och well de Prozess exotherm ass. De Schrott huet also deelweis als "Killmëttel" gedéngt.
Dee Begrëff ass awer net iwwer ze bewerten.
Déi genee Chargeverhältnisser misst ech awer nokucken.
Ech hoffen dat kann e bësse weider hëllefen.

D'Persoun ka sech och gär bei eis direkt mellen.

Mat beschte Gréiss aus der Metzeschmelz,
MICHEL FEINEN=10ptCoordinateur général www.ferroforum.lu

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
1 Woche 2 Tage her #1072 von clauhe
Gouf an engem Thomasstolwierk och Eiseschrott ( a ganz klenge Quantitéiten ) mat agesat ?
Wou oder wéi ass de Schrott verschafft gin wann net am Thomaskonverter, also nach virun der Zäit vum LDAC Stolwierk ?
Merci vir all Hellef
Claude

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Unterstützen Sie industrie.lu

Jede Geste ist für uns eine große Hilfe!

Vielen Dank im Voraus für jede Unterstützung!

industrie.lu-Login