Projet '1867'

Mehr
10 Jahre 10 Monate her - 10 Jahre 10 Monate her #124 von cyberpiper
cyberpiper antwortete auf Projet '1867'


hei ass nach e Resultat waat ze confirméieren ass:

Sehr geehrten Publitum und allen
Bürgern der Stadt sowie der Unterstädte Luxemburg mache ich hiermit die Anzeige, datz ich das
Schenk Lokal der Herrn P. Kirsch im Pfaffenthal
übernommen habe und das Gefchaft mit dem 1.
Ianuar 1867 beginnen werde. Ich werde mich durch
vortrefliche Getränkee, siute und prompte Bedienung
das Zutrauen aller respektablen Gäste zu gewinnen
suchen.
Achtungsvoll zeichnet
Susanne KREMER, Frau Ecker

iwerholl am September 1867 vum B.Ecker Schwoër vum Susanne

An der Volszählung vun 1871:
Eichthor Strasse 20. Wittfrau Susanne Kremer ( Ecker ) ( Ech huelen un dass 1867 hire Mann nach deliëft huet si kruuten och 1869 nach e Kand)

Vun der Strucktur hiir kinnt de Bistrot op 20. rue Laurent Menager gewiëscht sinn. Wees een do ëppes. Et schénkt hei wor e wichtege Bistrot, Cabaret, wou an där Zäit och z.b. Verteigerungen stattfonnt hun.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
10 Jahre 10 Monate her - 10 Jahre 10 Monate her #123 von cyberpiper
cyberpiper antwortete auf Projet '1867'
Ech froë mech op ee vun iëch aal Handschrëfte gudd liësen? Fir de momment ass meng Eenzeg Source fir d'Beruffer an d'Geschäfter vun den Awunner aus dem Pafendall erauszefannen de'Volkszählung vun 1871. Do as ëmmer d'Adress, Numm Virnumm an alles an de Beruf agedroën. De Famiien Numm kréien ech baal ëmmer geliës, de Virnumm net ëmmer, mee de Beruff do hun ech meng problemer deen ze entzifferen, et ass mer a ganz wéinege Fäll gelongen, Ech hun zb och de Lorenz (Laurent) Menager op nr 18 Eichtor strasse erëmfonnt. (wat jo scho gewosst wor) Op Nr. 9 J.P. Theato dee Metzeler wor, op 14. e Fasbender …Essigfabrikant, op Nr.6 Nikolas Breithof… Schriftsetzer. OP Nr 11 Georges Kiewitsch négociant cloutier. Op Nr. 16 wor de Martin Blum vun deem ech op enger aanerer Plaatz gelies hun des en Wirt oder cabaretier wor. Mee bei deene meeschten kréien ech de Beruff net geliës. Dack steet do 'Ohne Stand' .


Et ass den link : familysearch.org/pal:/MM9.3.1/TH-1951-32...:346518901,346518902

den dossier ass: Luxembourg, Census Records, 1843-1900Luxembourg (Pfaffenthal)1871 (n 71.1)
am momment sinn ech an der Eichtor Strasse, et schénkt dass do di meeschte Geschäfter a Cafée wàll daat jo de Wee fir an d'Staat wor. daat geet bei Säit 178 un. All d'awunner sinn intressant, mee an deser éischter rescherche geet et mir an éischter Linn ëmm di Kléng Betrieber, Wirtschaften a Geschäfter.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
10 Jahre 11 Monate her #121 von cyberpiper
cyberpiper antwortete auf Projet '1867'
Hei ass d'Lëscht vun de Strossen wou ech d'Geschäfter an di kléng Betrieber sichen:

Eichtor Strasse, rue D'Eich (haut rue Laurent Menager )
Siechengasse , rue des Bons Malades
Vauban Strasse , rue Vauban
Brücken Strasse, rue du Pont
Plaetis Strasse , rue Plaetis (haut Muerbels oder rue Morfels)

Lougass, rue des Tanneurs
rue des Brasseries
rue du Moulin

(verbässerunge von der Lëscht sin och wëlkomm

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
10 Jahre 11 Monate her #120 von cyberpiper
cyberpiper antwortete auf Projet '1867'
Ech hun e vergläich gemaach tescht enger Lëscht vun 1824(kruut ech vum Jender Stammet) , an 'giele säiten' vun 1907 déi ech vum Jean-Marie Ottelé kruut. Et brengt awer mengen ech net ganz vill. Daat engt ass 40 joer ze fréi , daat aanert 40 Joer ze spéid, et gett eis kéng wiirklech info wat 1867 wor. Eng Lëscht vun dorëmmer wir Gold wert!

Dateianhang:

Dateiname: ComMet1867...eich.pdf
Dateigröße:28.59 KB

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
10 Jahre 11 Monate her - 10 Jahre 11 Monate her #119 von cyberpiper
cyberpiper antwortete auf Projet '1867'
Am Momment ganz dréngent gesicht: D 'Giël Säiten' vum Paafendall 1867. Mir brauchen dréngend all info iwert Geschäfter an d'Betrieber a Paafendall 1867 (oder dorëmmer) och Fotoë wann et der ginn. (wee-waat-wou)

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
10 Jahre 11 Monate her - 10 Jahre 11 Monate her #118 von cyberpiper
Projet '1867' wurde erstellt von cyberpiper


Hei e Résumé vun eisem Projet '1867' Mir si frou iwert all info an hëllef zu dem Thema, am Momment brauche mer virun allem Info iwert de Paafendall.
Den Dossier vum Projet kann hei eroofgeluede ginn:

www.dropbox.com/s/1kb95bhqj507dto/1867.pdf?dl=0

Avis aux amateurs

Lëtzebuerg, eng Plaz ... an der Zäit

« ... Als Historiker wësse mer ganz gutt, datt eng Stad weder iwwer Nuecht, nach an engem Joer entsteet, mee d’Resultat ass vun engem laange Prozess wou spontan Initiativen a gewollte politesch Choix’en zesummewierken ...» (Michel Pauly 2014)

Männer a Fraen sinn d’Zeie vun deem Prozess an hunn deelgeholl un der Entstehung vun enger Stad ... engem Land. Dat wore Baueren, Politiker, Handwierker, Museker, Schrëftsteller ... Hir Ierfschaft lieft nach bis haut. «D’1867-Geschicht» wëll deenen hir Geschicht novollzéien, versicht net nëmme berühmt Leit ze begéine, mee och de klénge Mann, deen duerch seng Aarbecht versicht huet sech iwwer Waasser ze halen.
Lëtzebuerg lued ons an a seng kontrastéiert a koppeg Topographie, fir ee Wee ze fannen fir seng Geheimnisser a Schätz opzedecken. Geschichten, Legende, Soen, Architektur, Kasematten, erop ... erof, Stroosse, Brécken ... stellen e faszinanten Dekor duer.
Lëtzebuerg huet ons nach eng Geschicht ze verzielen. Sou ass et, datt duerch déi Leit, déi fréier gelieft hunn, an déi déi haut liewen, mat hire verschiddene Meenungen an hirem verschiddene Wëssen, ee sech ka erfreeën un sengem Charme, seng Rätsel opdecken, seng Mëssgeschécker an Onglécker bedaueren ...
Sou invitéiert «1867» all Awunner, Kënschtler, 3d Builder, Grafiker, Educateuren, Animateuren, sozial engagéiert Leit, Kréimer, Schneider an all déi déi Lëtzebuerg gären hunn, deelzehuelen um Schafe vun engem neien Abenteuer an enger virtueller Wierklechkeet an iwwer verschidde Medieplattformen.

en Datum ...

Am Fréijoer 1867, wéi Lëtzebuerg eng komplex Festungsstad wor, d’Resultat vun enger joerhonnertelaanger Konstruktioun, wor d’Festung Lëtzebuerg duerch eng preisesch Garnisoun besat. D’Groussherzogtum ass en ‘autonome’ Staat a Member vum Zollveräin, eng Zollunioun déi vu Preussen geschaf gouf. De Versuch vum Napoleon III fir vum hollännesche Kinnek Wëllem III Lëtzebuerg ofzekafe, mécht béiss Blutt bei de Leit an et kënnt zu Onrouen an der Stad an am Land. Déi grouss Natioune mobiliséieren hir Spiounen an hir Truppen. De Bismarck intervenéiert ...

en éischte Quartier ...

«... De Quartier Pafendall-Sichenhaff huet vill Changementer a beweegt Momenter matgemaach. Déi Wichtegst woren: d’Benediktiner vum Plateau Aalmënster, déi de gudde Buedem vum Dall benotzt hu fir hir Gäert, Wisen a Wäigäert unzeleeën, d’Konzentratioun vun den Aussätzegen annerhallef vum Quartier no Norden wor eng laang an däischter Zäit, den Handel mat e sëllechen Handwierker a Butteker, d’Präsenz vum Militär während de Friemherrschaften (wou d’Zaldoten bis Enn vum 17. Jhdt. doheem bei den Awunner gewunnt hunn), d’Aarbechten un de Festungswierker während Joerhonnerten, wou d’Aarbechter aus ganz Europa heihi gezu sinn, d’Doléiner déi versicht hunn z’iwwerliewen, kleng Geschäfter, d’Kiermesleit an anert Wandervollek, Kënschtler, déi sech niddergelooss hunn an sech inspiréiert hunn um Charme vum Quartier, kleng industriell Betriber an Handwierksbetriber, déi leider virun der grousser Industrialiséierung hu misse kapituléieren ...» (Jean-André Stammet Okt. 2011)




Ons Geschicht fänkt also am Dällchen un, e liewege Sammelsurium vun Handwierker, Kulturen a Sproochen.
Déi éischt Phase vum Projet, de «Virtuelle Fort Thüngen» (Kierchbierg) besteet säit Enn 2012. Am Festungsmusée kann een oppe Stagen a Stage fir Schoulklassen matmaachen (mat der Collaboratioun vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht).




Vu Mee 2015 bis Januar 2016, wäert de Projet «Virtuelle Pafendall» am Kader vun enger Ausstellung iwwert de Pafendall-Sichenhaff am Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg jidderengem zougänglech sinn. D’Logiciellen déi dofir gebraucht goufe sinn ‘Oculus Rift’ an ‘Cyberyth’.
(iwersätzung vum Jender Stammet)

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Unterstützen Sie industrie.lu

Jede Geste ist für uns eine große Hilfe!

Vielen Dank im Voraus für jede Unterstützung!

News

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL) iwwerwise gëtt, mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus !  
Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wéi sichen & fannen um industrie.lu?

Den industrie.lu gët all Dag méi grouss. Duerfir ginn et verschidde Méiglechkeeten eppes um industrie.lu ze sichen an och  ze fannen:

 

D’industrie.lu-Sich-Funktioun:


 Gitt een oder méih Wieder an fir ze sichen, zB: Mersch Gierwerei
'*' an '?' kënnen als Jokerën benotzt gin, z.B. Luxem* fir glaichzaitëg Luxemburg an Luxembourg ze sichen, oder Du?ont, fir glaichzaitëg Dumont an Dupont ze sichen.



Lescht Ännerungen - Last Updates - Dernières modifications - Letzte Änderungen

Déi regelméisseg Visiteuren fannen déi lescht Ännerungen um industrie.lu chronologesch sortéiert an der Rubrik Updates. Esou kann ee matverfollegen ewéi den industrie.lu sech weider entwéckelt an op wéi enge Säiten eppes geännert huet.

Do gesäit een och déi aktuell Unzuel Säiten:

Et gëtt also ee Grond fir all Dag um industrie.lu laanscht ze surfen...

 

Sich op Säit - Find in page – Recherche sur page – Suche auf Seite

Verschidde Säiten um industrie sin zimlech laang an duerfir ass net ëmmer einfach e bestëmmt Wuert erëmzefannen. D'Sich vun engem bestëmmte Wuert op enger laanger Säit hänkt awer vun der Maschinn of, wou een drop schafft:

    • Windows : d'Ctrl-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
    • Mac : d'Command-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
    • Android: uewen riets op déi 3 Punkten tippen, an duerno "Find in page" benotzen.

                   

    • iOS (Iphone/Ipad): op de Share-Käppchen (Këscht mat Feil no uewen) drécken, 

                   
                  an dann "Find on page" selektionéieren: 
                  

 

 

Da geet jeweils eng kleng Fënster op (ënnen oder uewen, jee no Browser) wou een dann ee Wuert kann antippen, an duerno et sichen:

 
Wann dat Wuert e puer mol op där Säit vir kënnt, kann ee mat de Feiler (riets) vu Wuert zu Wuert sprangen.

 

 

Regruppement no dem Industrietyp:

Déi verschiddenen Themesaiten:

 

 

Et kann ee och e puer vun dëse Funktiounen combinéieren. Wann een dann nach ëmmer eppes net sollt fannen, gët et nach ëmmer d’industrie.lu-Helpline: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein. 

Ennerstëtzt industrie.lu

Um Internet-Site "www.industrie.lu" ginn op iwwert 13.700 Säiten d’Geschicht vun Industrien, Fabriken, Produkter, etc. vu Lëtzebuerg, an doriwwer eraus, virgestallt. D’Alldagskultur vu Lëtzebuerg gëtt heimat dokumentéiert. Leider ginn et vu villen Industrien keng Archiven méi, an all Informatioun muss ewéi an engem Puzzle stëckweis zesummegesicht ginn. All Informatioun ass an dësem Puzzle wichteg!

Bei dësem Projet, kënn Dir eis weiderhëllefen mat aalen Dokumenter, Bréiwer, Prospekter, Rechnungen, Aktien, Produkter an hir Verpackung, Reklammen, Fotoen, Bicher, a soss Informatiounen vun lëtzebuerger Industrien a Fabriken. Jidder zousätzlech Informatioun a jiddwer Foto ass wëllkomm. D’Original kritt Dir natierlech zréck!

Mir hunn zënter iwwert 20 Joer ganz vill Zäit a Suen an dësen Projet investéiert.

Wann eise Projet Iech gefällt, kënn Dir den industrie.lu - Projet awer och mat liken / followen vun eise Säiten op Facebook / Instagram, mat engem Don, mat Sponsoring, etc ënnerstëtzen.
 

 

Mir soen am Viraus villmools Merci fir all Ënnerstëtzung!

 

industrie.lu a.s.b.l.

c/o Jean-Marie Ottelé
8 rue Roger Frisch
L-4956 Hautcharage

Email: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Phone: +(352) 621 648 343


IBAN: LU45 1111 2423 6963 0000 BIC: CCPLLULL

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Unterstützen Sie #SaveThePast

industrie.lu - Eine Webseite als Nation Branding

industrie.lu - Eine Webseite als Nation Branding

 

industrie.lu-Login