Schrainerei zu Käl

Mehr
1 Jahr 8 Monate her #866 von hansent
hansent antwortete auf Schrainerei zu Käl
Moien,

kéint dir mir eng Foto oder Fotoen dovunner op hansent@pt.lu schécken fir dass ech mir en Bild dovun kann man? Ech wier op alle Fall interesséiert!

Merci

MbG
Tom Hansen

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
1 Jahr 8 Monate her #865 von Eyrich Pascal
Eyrich Pascal antwortete auf Schrainerei zu Käl
Moien jo ech hun nach Döschen a Still vun der Schreinerei , einfach mëllen mfG
Folgende Benutzer bedankten sich: hansent

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
2 Jahre 1 Monat her #830 von weypie
weypie antwortete auf Schrainerei zu Käl
Ech wousst näischt vun deem Schräiner, mä en ass a menger Datebank vun lëtzebuerger Erfinder, déi och op desem Site ze fannen ass.
Wann der d'Patenter an d'Hand kritt da sinn ech schonn un enger JPG Kopie interesséiert.
Pierre WEYLAND

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
2 Jahre 1 Monat her #827 von hansent
hansent antwortete auf Schrainerei zu Käl
Gudden Owend, villmols Merci fir des waertvoll Informatioun ech ginn mir di Patenter dann emol demnächst ukucken. Hudd dir hien oder séng Schrainerei kannt?

MbG
Tom Hansen

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
2 Jahre 1 Monat her #826 von weypie
weypie antwortete auf Schrainerei zu Käl
De Victor Hansen war e kreative Schräiner an Erfinder; hei sing seng lëtzebuergesch Patenter; (Nr, datum ...) ; déi original Dokumenter sinn an den National Archiven op Ufro ze kréien.

PierrenWEYLAND

18595 13/10/1931 HANSEN Victor Porte pliable
20316 01/02/1934 HANSEN Victor Perfectionnements aux canapés-lits
21204 23/01/1935 HANSEN Victor Fauteuil démontable et transformable en lit
21235 01/02/1935 HANSEN Victor Fauteuil transformable en chaise-longue ou lit
26169 03/04/1939 HANSEN Victor Fauteuil transformable en chaise-longue ou analogue
26831 28/12/1939 HANSEN Victor Divan-lit transformable
Folgende Benutzer bedankten sich: hansent

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
2 Jahre 2 Monate her #821 von hedom
hedom antwortete auf Schrainerei zu Käl
Participatioun Exposition des Métiers an der neier Expositiounshal um Lampertsbierg August/September 1935. Stand No 39

cf Artikel iwwert d'Expo & Reklamm vun Ateliers Victor Hansen am LUXEMBOURG - journal du matin vum 31.8.1935 S.5

viewer.eluxemburgensia.lu/ark:70795/983x...DTL524?search=hansen

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
2 Jahre 3 Monate her #803 von hansent
hansent antwortete auf Schrainerei zu Käl
Merci villmols ech hunn se fonnt an bestallt

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
2 Jahre 3 Monate her - 2 Jahre 3 Monate her #800 von clauhe
clauhe antwortete auf Schrainerei zu Käl
Moien
Op www.delcampe.net sinn de Moment 2 Rechnungen vun der Schräinerei Hansen an der Offer. Et ass näischt weltbewegendes mä kukt einfach mol do erann. Kuke kascht jo näischt.
Vill Spaass.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
5 Jahre 4 Monate her #534 von hansent
hansent antwortete auf Schrainerei zu Käl
Ech sichen nach emmer no all méiglech Infos iwwer d'Schrainerei Victor Hansen-Hess vu Käl! Egal ob Fotoen, Erfahrungen, Leit déi do geschafft hunn oder Miwwelstécker aus daer Schrainerei (sinn och interesséiert der ofzekafen wann dest méiglech ass), fréen mech iwwer all Info!

Merci

Tom Hansen

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
5 Jahre 8 Monate her #475 von hansent
hansent antwortete auf Schrainerei zu Käl
Moien Här Eyrich,

Villmols Merci fir ären Message! hudd dir vlait nach eng Foto vun denen Miwelen / stinn der vlait haut nach iergendwou? 1985 wor ech leider nach net op der Welt, suvill ech wees huet den Jean Hansen d'Schrainerei do nach weidergefouert. Géng mech iwwer all Informatioun fréen.

Tom Hansen

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
5 Jahre 8 Monate her #473 von Eyrich Pascal
Eyrich Pascal antwortete auf Schrainerei zu Käl
Den Hansen Vic huet vil, Miwelen vir Bistroen geliefert ! Ech hun der nach vun him 1985 akaaf !
Folgende Benutzer bedankten sich: hansent

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
8 Jahre 5 Tage her #307 von admin
admin antwortete auf Schrainerei zu Käl
All Informatiounen déi mir biselo iwwert de Betrieb Hansen vu Käl zesummengedroën hun, stinn op der Sait: industrie.lu/HansenKayl.html

Leider hun mir weider keng Informatiounen. Et wier flott Fotoën vum Betrieb banne / baussen, vum Personal, de Produkter, etc. a weider Informatiounen ze fannen.

Villmools merci am Viraus fir all Hëllef! info@industrie.lu

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
8 Jahre 6 Tage her #305 von hansent
Schrainerei zu Käl wurde erstellt von hansent
Moien,

Ech interesséiren mech, fir Recherchen, fir alles (Produit'en, Filmer, Fotoen, etc.) am Zesummenhang mat der Schrainerei Victor Hansen vun Käl déi bis Enn 80er nach aktiv wor. Fréen mech iwer all Kommentar :)

MbG

T. Hansen

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Unterstützen Sie industrie.lu

Jede Geste ist für uns eine große Hilfe!

Vielen Dank im Voraus für jede Unterstützung!

News

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL) iwwerwise gëtt, mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus !  
Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wéi sichen & fannen um industrie.lu?

Den industrie.lu gët all Dag méi grouss. Duerfir ginn et verschidde Méiglechkeeten eppes um industrie.lu ze sichen an och  ze fannen:

 

D’industrie.lu-Sich-Funktioun:


 Gitt een oder méih Wieder an fir ze sichen, zB: Mersch Gierwerei
'*' an '?' kënnen als Jokerën benotzt gin, z.B. Luxem* fir glaichzaitëg Luxemburg an Luxembourg ze sichen, oder Du?ont, fir glaichzaitëg Dumont an Dupont ze sichen.



Lescht Ännerungen - Last Updates - Dernières modifications - Letzte Änderungen

Déi regelméisseg Visiteuren fannen déi lescht Ännerungen um industrie.lu chronologesch sortéiert an der Rubrik Updates. Esou kann ee matverfollegen ewéi den industrie.lu sech weider entwéckelt an op wéi enge Säiten eppes geännert huet.

Do gesäit een och déi aktuell Unzuel Säiten:

Et gëtt also ee Grond fir all Dag um industrie.lu laanscht ze surfen...

 

Sich op Säit - Find in page – Recherche sur page – Suche auf Seite

Verschidde Säiten um industrie sin zimlech laang an duerfir ass net ëmmer einfach e bestëmmt Wuert erëmzefannen. D'Sich vun engem bestëmmte Wuert op enger laanger Säit hänkt awer vun der Maschinn of, wou een drop schafft:

    • Windows : d'Ctrl-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
    • Mac : d'Command-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
    • Android: uewen riets op déi 3 Punkten tippen, an duerno "Find in page" benotzen.

                   

    • iOS (Iphone/Ipad): op de Share-Käppchen (Këscht mat Feil no uewen) drécken, 

                   
                  an dann "Find on page" selektionéieren: 
                  

 

 

Da geet jeweils eng kleng Fënster op (ënnen oder uewen, jee no Browser) wou een dann ee Wuert kann antippen, an duerno et sichen:

 
Wann dat Wuert e puer mol op där Säit vir kënnt, kann ee mat de Feiler (riets) vu Wuert zu Wuert sprangen.

 

 

Regruppement no dem Industrietyp:

Déi verschiddenen Themesaiten:

 

 

Et kann ee och e puer vun dëse Funktiounen combinéieren. Wann een dann nach ëmmer eppes net sollt fannen, gët et nach ëmmer d’industrie.lu-Helpline: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein. 

Ennerstëtzt industrie.lu

Um Internet-Site "www.industrie.lu" ginn op iwwert 13.700 Säiten d’Geschicht vun Industrien, Fabriken, Produkter, etc. vu Lëtzebuerg, an doriwwer eraus, virgestallt. D’Alldagskultur vu Lëtzebuerg gëtt heimat dokumentéiert. Leider ginn et vu villen Industrien keng Archiven méi, an all Informatioun muss ewéi an engem Puzzle stëckweis zesummegesicht ginn. All Informatioun ass an dësem Puzzle wichteg!

Bei dësem Projet, kënn Dir eis weiderhëllefen mat aalen Dokumenter, Bréiwer, Prospekter, Rechnungen, Aktien, Produkter an hir Verpackung, Reklammen, Fotoen, Bicher, a soss Informatiounen vun lëtzebuerger Industrien a Fabriken. Jidder zousätzlech Informatioun a jiddwer Foto ass wëllkomm. D’Original kritt Dir natierlech zréck!

Mir hunn zënter iwwert 20 Joer ganz vill Zäit a Suen an dësen Projet investéiert.

Wann eise Projet Iech gefällt, kënn Dir den industrie.lu - Projet awer och mat liken / followen vun eise Säiten op Facebook / Instagram, mat engem Don, mat Sponsoring, etc ënnerstëtzen.
 

 

Mir soen am Viraus villmools Merci fir all Ënnerstëtzung!

 

industrie.lu a.s.b.l.

c/o Jean-Marie Ottelé
8 rue Roger Frisch
L-4956 Hautcharage

Email: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Phone: +(352) 621 648 343


IBAN: LU45 1111 2423 6963 0000 BIC: CCPLLULL

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Unterstützen Sie #SaveThePast

industrie.lu - Eine Webseite als Nation Branding

industrie.lu - Eine Webseite als Nation Branding

 

industrie.lu-Login