Schumacher Jean Pierre
Luxembourg


Historique - Geschichtlicher Überblick
   
?



Schumacher Jemp, Luxembourg (Photo collection: industrie.lu)

Ass dëst ee selwer gebauten Radio?

Vu wéini ongeféier?



Hei d'Äntwert vum Albert Wolter. Villmools Merci:

Ma dat ass eng flott Foto mat dem Jemp Schumacher.

Kéint‘s de am Fond de Gras beim Steam Punk als Postkaart verkafen.

Wat de Jemp do opgebaut huet ass sécherlech kee Radio. Iergendwou hätt hien de Kopfhörer am Grapp oder op den Oueren.

Wat um Dësch steet hannen ass e Funkeninduktor oder eng Rühmkorff Spule (Link op d'Beschreiwung mat Schaltung op Wikipedia)

Domatter kann een Senden, zwar nëmmen Telegrafie well den Induktor nëmmen gedämpfte Wellen (ondes amorties) fabrizéiert.

Et gesäit een awer näischt op eng Antenne hi goen esou dat et éischter en Opbau war fir dat ze demonstréieren.

Di 2 Bokaler kéinten effektiv Kondensatoren sinn mä vläicht och eng Stroumquell fir de Funkeninduktor. Ech tippen éischter op eng Stroumquell (galvanescht Element). Et schéngt wi wann an der Mëtt deen e Pol wär an de metallenen Deckel deen zweeten. Da kënnt é mengen vun dem lenke Bokal uewen géing en Drot op den Deckel vum rietse goen. Dat wär dann eng Reiheschaltung fir d'Spannung ze verduebelen. En Element hat ca. 2V also hätt de Jemp 4 V fir séin Indukter gehat.

Op der lénker Säit vun deem Indukter gesäit een och eng mi grouss Rändelmutter, di kënnt sinn fir den Ënnerbriecher Kontakt ze justéieren "Wagnerscher Hammer". Dee Montage ass haut nach an net elektroneschen Schellen agebaut.

Wat hie lenks vum Indukter stoen huet gesäit een net, just esou e Genre Tube. Där huet hien och nach 2 vrun sech leien.

Zesummen mat der Schell di um Dësch läit kennt dat en Empfänger sinn oder bei en Experimentéier Montage fir d'elektresch Wellen di den Indukter mëscht no ze weisen.

Den Tube ass dann e Fritter oder Kohärer. Do sin reng Eisespéin dran di héichohmech sinn. Wann do awer eng elektromagnéitesch Well drop trëfft gëtt di Streck esou nidderohmech dat eng a Serie geschalten Schell bimmelt (brauch een och d'Batterie dofir). Wann d'Well ophält gët de Fritter awer net vum selwen héichohmech mä e muss liicht erschüttert gi mat dem Fanger oder engem elektreschen Klopfer. Esou eng Schell huet de Jemp jo och um Dësch leien.

Dat wat de Jemp just vru sech leien huet ass e primitiven Gleichstroumelektromotor dee mir no Selbstbau ausgesäit. E schéint och net ugeschloss ze sinn.

Di Foto ass vläicht vum Jemp inzenéiert gi fir ze weisen wat hien Alles gebaut huet an fir ze beandrocken. Och den Induktor gesäit no selwer gewéckelt aus.

Ech géing di Saach op 1915 bis 1920 datéieren. Schonn am Laf vum Krich war de Kohärer net mi praktesch am Asaz. Den Tube als Diode oder Triode waren wesentlech mi sensibel a manner delikat.

Wés du dann eppes iwwert de JP Schumacher ?

Bei Radiosfrënn do war jo en Dr. August Schumacher derbäi, vläicht war dat Famill vum Jemp?

Op jidde Fall huet sech de Jemp schéin erausgefiizt fir d'Foto, ...

   
   
31.12.1938 Brevet N° 25768 - Elektrisches Ton Wiedergabe-System

SCHUMACHER Johann Peter, Luxembourg
   
   

 

Bibliographie
Titel - Titre
Author - Auteur - Autor
Date
Edition - Verlag
Contents - Contenu - Inhalt
Pages- Seiten
ISBN
               

Liens / Links
 

This is not the official page of this company / person. Any information or picture completing these pages is welcome! For more information just send us an e-mail.

Ceci n'est pas la page officielle de cette firme / personne. Toute information ou photo pouvant compléter ces pages est la bienvenue! Pour des informations supplémentaires, veuillez nous envoyer simplement un e-mail.

Dies ist nicht die offizielle Seite dieser Firma / Person. Jede Information oder jedes Foto, welche(s) diese Seiten vervollständigen, ist herzlich willkommen! Für mehr Informationen, senden Sie uns einfach eine E-mail.

 

Created by / Créé par / Copyright: jmo