Wéi ee Logo ass dëst? Geléist!

More
1 year 6 days ago #734 by admin
Replied by admin on topic Wéi ee Logo ass dëst? Geléist!
Hei d'Äntwert vum Ed Kandel:

Wat de Schung als Äschebecher oder als Vide-poche ugeet, kann ech Iech mat Sécherheet soen, dass dësen Objet vum Jean Peters fabrizéiert gouf.

Den Här Cahen hat an den 80er Joere gefrot ob ech him esou Schung mache kinnt, ech hun dorop hin eng nei Form gemat an zirka 25 Stéck fabrizéiert, déi haten eng hell brong Faarw.

De Stempel deen um Réck ass, war secher e wéineg déck opgedroen an ass beim Baken verlaaf. Dir hut jo op Äerer Säit e besseren a méi däitleche Stempel.

Villmools Merci!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 1 week ago #733 by jmo
Gudde Moien,

Wéi ee Logo hannen ass op dësem Äschebecher / Vide-poche vu Chaussures Léon, Luxembourg-Gare?



Vu wéini ass deen ongeféier?

Villmools Merci am Viraus fir all Info!

Alles Gutts,

jm - Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.079 seconds
Go to top