Villa Kolbach, Luxembourg? Geléist!

More
3 years 1 week ago - 3 years 1 week ago #573 by jmo
Replied by jmo on topic Villa Kolbach, Luxembourg? Geléist!
Gudde Mëtten,

D'Foto vu dëser Villa weist effectif d'Haus op 40 rue des Roses um Lampertsbierg:


An der Phototéik ginn ët Fotoën dovun aus dem Joer 1972:


Villmools Merci fir all Hëllef!
Last edit: 3 years 1 week ago by jmo.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
3 years 5 months ago - 3 years 5 months ago #538 by jmo
Replied by jmo on topic Villa Kolbach, Luxembourg?
Hei ass eng Info vum Marcel Schlim mat der Adress vum Ingenieur Kolbach zu Märel:

Den huet effectiv 1937 an der Strooss vu Märel op Stroossen op, 25 rue de Strassen, gewunnt.

Wann deem säi Haus Villa Kolbach genannt gouf a wann nach ëmmer dat aalt Haus op 25 rue de Strassen steet, wier eis gesichte Villa net hei...

Am Moment géif dann am Moment just 40, rue des Roses, Limpertsberg bleiwen...
Last edit: 3 years 5 months ago by jmo.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
3 years 6 months ago - 3 years 6 months ago #530 by admin
Replied by admin on topic Villa Kolbach, Luxembourg?
Hei ass ee Beitrag vum Yves Wagner vun der industrie.lu-Facebook-Sait :

Moien, wann een op a-z.lu bessen sicht, fönnt een eraus dass 1913 en Här Pierre Kolbach eng Villa um Lampertsbierg an der rue des Roses verkaaf huet ( viewer.eluxemburgensia.lu/ark:70795/7568...arch=villa%20kolbach ). An wann een och bessen op a-z.lu nom Keefer sicht (Gehlen-Rischard), fönnt een eraus dass do esou eng Fra mat deem Numm op 40,rue des Roses gewunnt huet um Lampertsbierg ( viewer.eluxemburgensia.lu/ark:70795/21bh...chard%20limpertsberg ). An wann een dann nach d'Satelitenfotoen vum Lampertsbierg op map.geoportal.lu kuckt vun 1951, kéint daat gudd sinn dass déi gesichten Plaatz och 40, rue des Roses um Lampertsbierg as ( map.geoportail.lu/aerial/1951_10000/pdfs..._LUXEMBOURG_0017.pdf ) MfG

Villmools Merci!
Last edit: 3 years 6 months ago by admin.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
3 years 6 months ago - 3 years 6 months ago #529 by MaMa
Replied by MaMa on topic Villa Kolbach, Luxembourg?
Gudde Mëtteg,

Am Luxemburger Wort vum 11. Juli 1928 ass eng Annonce op der Säit 7 wou eng Villa Kolbach zu Märel ernimmt gëtt. (persist.lu/ark:70795/8dn7h6/pages/7/arti...arch=Villa%20Kolbach)
Last edit: 3 years 6 months ago by admin.
The following user(s) said Thank You: admin

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
3 years 7 months ago - 3 years 6 months ago #528 by admin
Gudde Moien,

Wien wees méi iwwert folgend Villa:


Wou steet / stung d' Villa Kolbach - Knight, Luxembourg ?
Wéini gouf se gebaut?
Wien war den Architekt?
Wien waren d'Propriétairen / Bewunner dovun am Laaf vun der Zait?

Villmools Merci am Viraus fir all Tuyau! - Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Last edit: 3 years 6 months ago by admin.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.101 seconds
Go to top