Kann daad vläit um Belval sinn?

More
4 months 3 weeks ago #1058 by clauhe
Replied by clauhe on topic Kann daad vläit um Belval sinn?
Gudde Moien
Dat hei war op der Terre Rouge.
Déi Foto aus dem Atelier as aus deem Gebäi wat nach haut do steet. Hei op der Säit ass nach eng aktuel Foto vun dessem "Atelier"
www.industrie.lu/UsineTerreRougeHisto.html

An engem Buch hun ech gelies dass Amerikaner op der Terre Rouge an der Zentralwierkstat waren.
Um Belval gesäit dëss Wierkstat ganz aneschters aus an et waren och keng Schinnen drann.
Wat den Uelech ugeet, deen ass op all Schmelz einfach mol esou an de Buedem gelaaf. Do ass net laang derno gekukt ginn.

bG
Claude

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
4 months 3 weeks ago - 4 months 3 weeks ago #1057 by Fordsierra88
Kann daad vläit um Belval sinn? was created by Fordsierra88
Gudden Nowend, 

Keint daad vläit um Belval sinn, wou d'US-Army  während dem WW2 hire Fuhrpark (Dodge, Studebacker etc) an d'Reih gesat hun ?



Wann ech mäin Boop froen, dien bei US-Army während dem WW2 war, keint daad et vläit sinn,  

Souwäit ech wess ass bei freieren Buerungen dei um Belval gemaach gisin, och aalen Ulesch am Bueden fonnt ginn. Daad kann nawell och een Hinwäis sinn well d'US Army laut mengem Boop och den Ulesch einfach op de Bueden laafn geloss hun. 

Villmols Merci. 

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Map (test)

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login