| Sich - Suche - Recherche - Search
|
![]() |
Den industrie.lu gët all Dag méi grouss. Duerfir ginn et verschidde Méiglechkeeten eppes um industrie.lu ze sichen an och ze fannen:
Gitt een oder méi Wieder an fir ze sichen, zB: ee Familljennumm, eng Uertschaft, e Produkt, ee Firmennumm, etc.: Mersch Gierwerei
'*' an '?' kënnen als Jokerën benotzt gin, z.B. Luxem* fir gläichzäiteg Luxemburg an Luxembourg ze sichen, oder Du?ont, fir gläichzäiteg Dumont an Dupont ze sichen.
![]()
Déi reegelméisseg Visiteuren fannen déi lescht Ännerungen um industrie.lu chronologesch sortéiert an der Rubrik Updates. Esou kann ee matverfollegen ewéi den industrie.lu sech weider entwéckelt an op wéi enge Säiten eppes geännert huet.

Do gesäit een och déi aktuell Unzuel Säiten:
(Stand: 19.1.2026)
Et gëtt also ee Grond fir all Dag um industrie.lu laanscht ze surfen...
Verschidde Säiten um industrie sin zimmlech laang an duerfir ass net ëmmer einfach e bestëmmt Wuert erëmzefannen. D'Sich vun engem bestëmmte Wuert op enger laanger Säit hänkt awer vun der Maschinn of, wou een drop schafft:


an dann "Find on page" selektionéieren:

oder neierdengs:
![]()
![]()
Da geet jeeweils eng kleng Fënster op (ënnen oder uewen, jee no Browser) wou een dann ee Wuert kann antippen, an duerno et sichen:
![]()
Wann dat Wuert e puer mol op där Säit vir kënnt, kann ee mat de Feiler (riets) vu Wuert zu Wuert sprangen.


Et kann ee och e puer vun dëse Funktiounen kombinéieren.
Wann een dann nach ëmmer eppes net sollt fannen, gët et nach ëmmer d’industrie.lu-Helpline: info@industrie.lu
Created by / Créé par / Copyright: jmo |