Zënter e puer Deeg ass een lëtzebuerger Ducal - Radio "Mikado" mat Plackespiller an der industrie.lu - Collectioun:

Dëse Radio hu mer an Däitschland an der Géigend vu Frankfurt / Main fonnt.

D'Ducal-Radiosfabrik war an der aaler Händschefabrik am Gronn. D'Holzgehaiser vun de  Radioën goufen zum gréissten Deel a Miwwelschrainereien wéi z. B. Heintz-Walch, Dikkrech gebaut. D'Blech - Chassisën koumen vu Berl, der eelster lëtzebuerger Fabrik déi nach ëmmer Produkter aus Blech produzéiert.
Den agebauten Plackespiller selwer ass awer keng lëtzebuerger Produktioun. Et ass een engleschen Garrard Model R.C. 70A 10" / 12" Automatic Record Changer.

Biselo hu mer 3 lëtzebuerger Radioën an der industrie.lu - Collectioun: 2 Ducal - Radioën, an 1 Jibelux - Radio.

Den 2. Ducal - Radio ass de Modell "Cadet". Dee gouf iwwregens och an Däitschland fonnt.

Ducal war e ganz dynamesche Betrib an huet ewéi ee gesäit nom 2. Weltkrich och eng Partie Radioen exportéiert.

 

De Jibelux - Radio ass ee raren Art Déco - Virkrichsmodell dee mer virun e puer Joer an England recuperéiert hunn. Dëse Radio gouf ëm 1935 vum Jean Borck an der Stad gebaut.

Jibelux steet fir:  Jean Borck Luxembourg

De Prinzip vun industrie.lu ass net fir mordicus alles selwer ze hunn, mais haaptsächlech fir Informatiounen zesummenzedroen. Fotoen / Scanns / Kopien ginn duer fir aus ville Puzzelstécker ee méi komplett Bild ze maachen!

Mir freeën eis natierlech och iwwert all weidert Stéck!