Eecher Schmelz: Fotoen a Pläng gesicht fir 3D-Modell

More
5 years 3 months ago - 5 years 3 months ago #349 by jmo
De Kolleg Roger Medernach ass am gaangen am Blender d' Eecher Schmelz ze modeléieren. D'Basis vum Modell sinn zwou Fotoen, an zwar l'Usine d'Eich vum Aschmann Camille (Copyright Photothèque Ville de Luxembourg) an l'Usine d'Eich, 1845 / 70 (Collection: Marcel Schlim).

Fir den Héichuewen kënnen ze fëllen sinn se mat Charioten iwwert eng Passerelle gefuer. Do schéngt tëschent dem Wee hannert der Kuelenhal an der Passerelle een Héichtenënnerscheed ze bestoen vun e puer Meter (vläicht 3 - 4 Meter).






Wéi sinn se mat de Charioten op d'Passerelle komm?". Op de Fotoen kann een mat e bësschen Imaginatioun eng Trap oder eng Rampe oder ee Monte-Charge erkennen.






Ginn et vläicht iergendwou weider Fotoen oder Pläng déi weisen wéi den Accès op d'Passerelle ausgesinn huet?

Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!

This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
Last edit: 5 years 3 months ago by jmo.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.071 seconds
Go to top