Gewerkschaftsheem - Gewerkschaftsheim - Maison syndicale - wou?

Mehr
6 Stunden 59 Minuten her #1034 von clauhe
Merci fir des Infoen.
Dann ass dat Gebäi wat mer haut hei gesinn just emgebaut ginn, et ass net nei.
Ech hun hei och nach een Zeitungsartikel am LW vum 8.8.1953 fonnt.  De "bureau de la maison syndicale" zu Diddeleng schreiwt eng Soumissioun aus fir.
1. Transformation façade et enduit
2. Fenêtres et portes extérieurs
3. Volets roulants intérieurs
conc. l'aménagement de la maison syndicale à Dudelange.

bG
Claude

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
8 Stunden 43 Minuten her #1033 von admin
Hei si weider Infos vum Ramon. Villmools Merci!d'Maison Syndicale ass nach ëmmer op der nëmleschter Adress (avenue Grande-Duchesse Charlotte) just komplett moderniséiert.  www.dudelange.lu/index.php/photographies...ear_end=&sous_fonds= Ob do ëmnummeréiert gouf, wees ech elo nit. D' Tramsgleiser sinn déi vun der Birenger Stréck.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
1 Tag 10 Stunden her - 1 Tag 8 Stunden her #1032 von clauhe
  Hei si mer zu Diddeleng. Lenks war de Café "Gewerkschaftsheim" a riets am selweschte Gebäi war e Coiffeursalon. Den 2. November 1936 huet den Här Franz Bourkel de fréiere Coiffeursalon Zuang iwwerholl. (Der Proletarier 7.11.1936)
Wou dëst Gewerkschaftsheim zu Diddeleng war hun ech nach net eraus fonnt. Op der Foto erkennt een an der Stroos ee Gleis. Dat muss vum Tram gewiescht sinn. Villäicht helleft dat weider.
bG
Claude
 
Folgende Benutzer bedankten sich: admin

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
2 Tage 15 Stunden her - 1 Tag 8 Stunden her #1031 von jmo
Gudde Moien,

Wou ass folgend Foto virum Gewerkschaftsheem - Gewerkschaftsheim - Maison syndicale gemaach ginn? 



Vläicht si weider Infos (Geleeënheet, Datum...)  iwwert dës Foto bekannt...


Villmools Merci am Viraus!


Alles Gutts,

Jean-Marie - info@industrie.lu

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.168 Sekunden

Unterstützen Sie industrie.lu

Jede Geste ist für uns eine große Hilfe!

Vielen Dank im Voraus für jede Unterstützung!

industrie.lu-Login