Foto gesicht: Mathias Back - geléist

Mehr
7 Jahre 5 Monate her #339 von diwa
Ech wollt Iech villmols Merci soen vir die Foto vum Mathias Back, vir d'identifizeieren vun deenen aneren Leit dei op der Foto sin an vir d'Beschreiwung vun der Ford Camionette. Fannen dat alles ganz spannend!

Merci.

Léif Gréiss,


Diane Wagner

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
7 Jahre 5 Monate her - 7 Jahre 5 Monate her #338 von admin
Hei d'Äntwert vum Fernand TOUSSAINT:

Ech hun op Ärem Site gelies, dass een eng Foto sicht vum Béierdepositaire Mathias BACK. Ech hun an enger Nummer vun der Zäitschrëft "De Jumdeckel", déi d'Käercher Musik erausgin huet, en Artikel iwwert de Mathias BACK a säin Auto geschriwwe gehat.

Hei de Passage, deen eisen Demandeur dierft interesséieren:

Mathias BACK aus Mamer beliefert die Gastwirtschaft BALTHASAR-BARTHEL in Koerich. Aufnahme zwischen 1932 und Anfang 1934.

"... Die Szene spielt sich ab in Koerich vor der Gastwirtschaft, welche später unter der Bezeichnung „beim Kluewe Pitt“ bekannt wurde. Das Haus stand auf Nummer 74, rue Principale und musste der heutigen Résidence Adelfia weichen.

Leider konnten wir die Person mit Schürze auf der Türschwelle nicht identifizieren. Auf der Treppenstufe steht Martha BALTHASAR genannt Thille Martha, verheiratet mit Jean SCHMIT (1908-1975) alias „Coiffer Jäng“. Daneben ihre jüngere Schwester Marie BALTHASAR (Thille Marechen) welche später Paul BERNARDY (Kroumpe Paul) heiratete. Ihr Vater Pierre BALTHASAR (1890-1972), die Hände auf dem Rücken haltend, wurde in Koerich „Thille Péiter“ genannt. Er war vermählt mit Marie BARTHEL (1891-1952) gebürtig aus dem Hause „an Thillen“ (1).

Mathias Back , Bierhändler und Limonadenverkäufer trägt einen Kasten Bier. Sein Lieferant war die Clausener Brauerei (2). Das in Fässern gelieferte Bier füllte er in Mamer in seinem Depot 12, rue du Marché in Flaschen um. Später verlegte er sein Depot in die rue de la Libération (3).

Beim abgebildeten FORD handelt es sich um die Lieferwagen-Ausführung des legendären Modell T. Dieses Modell, ebenso bekannt unter der Bezeichnung „Tin Lizzie“ galt lange Zeit als weltweit meistverkauftes Auto (über 15.000.000 Exemplare) bis erst im Jahre 1972 der VW Käfer diesen Verkaufsrekord brach. Man beachte auf der Fotographie die beiden ungleichen Vorderräder…

Mathias BACK war mit Marie STEG verheiratet und starb 54-jährig am 10. Juni 1948 in Mamer (4). Nach seinem Tode übernahm die Witwe das Bierdepot.

„Quo vadis“ bedankt sich bei Jeff NOTHUM für die zur Verfügung gestellte Photographie in der diesjährigen Ausstellung..."

(1) Anne-Marie TOUSSAINT-EVERARD : Das Muartshaus in Koerich, in : 250 Joër Käercher Kiirch, 747-1997, p.160
(2) Annuaire officiel des abonnés aux réseaux téléphoniques, mai 1930, p. 48
(3) Freundliche Mitteilung von Fernand BACK, Mamer, Enkel des Bierhändlers
(4) Fichier central des souvenirs mortuaires de l’ALGH ..."


Fernand TOUSSAINT
Président vu Quo vadis Käerch

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
7 Jahre 11 Monate her #310 von diwa
Foto gesicht: Françis Back - geléist wurde erstellt von diwa
Gudden Owend,
ech sichen eng Foto vum Mathias Back (gestuewen den 1.6.1948), dem Grenner vun der Limonadsfabrik "Fruito" vun Mamer. Sein Fils, den Härr Françis Back war mein Groußmonni an menger Mamm hiren Monni.
Villmols Merci am Viraus.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Unterstützen Sie industrie.lu

Jede Geste ist für uns eine große Hilfe!

Vielen Dank im Voraus für jede Unterstützung!

News

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL) iwwerwise gëtt, mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus !  
Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wéi sichen & fannen um industrie.lu?

Den industrie.lu gët all Dag méi grouss. Duerfir ginn et verschidde Méiglechkeeten eppes um industrie.lu ze sichen an och  ze fannen:

 

D’industrie.lu-Sich-Funktioun:


 Gitt een oder méih Wieder an fir ze sichen, zB: Mersch Gierwerei
'*' an '?' kënnen als Jokerën benotzt gin, z.B. Luxem* fir glaichzaitëg Luxemburg an Luxembourg ze sichen, oder Du?ont, fir glaichzaitëg Dumont an Dupont ze sichen.



Lescht Ännerungen - Last Updates - Dernières modifications - Letzte Änderungen

Déi regelméisseg Visiteuren fannen déi lescht Ännerungen um industrie.lu chronologesch sortéiert an der Rubrik Updates. Esou kann ee matverfollegen ewéi den industrie.lu sech weider entwéckelt an op wéi enge Säiten eppes geännert huet.

Do gesäit een och déi aktuell Unzuel Säiten:

Et gëtt also ee Grond fir all Dag um industrie.lu laanscht ze surfen...

 

Sich op Säit - Find in page – Recherche sur page – Suche auf Seite

Verschidde Säiten um industrie sin zimlech laang an duerfir ass net ëmmer einfach e bestëmmt Wuert erëmzefannen. D'Sich vun engem bestëmmte Wuert op enger laanger Säit hänkt awer vun der Maschinn of, wou een drop schafft:

    • Windows : d'Ctrl-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
    • Mac : d'Command-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
    • Android: uewen riets op déi 3 Punkten tippen, an duerno "Find in page" benotzen.

                   

    • iOS (Iphone/Ipad): op de Share-Käppchen (Këscht mat Feil no uewen) drécken, 

                   
                  an dann "Find on page" selektionéieren: 
                  

 

 

Da geet jeweils eng kleng Fënster op (ënnen oder uewen, jee no Browser) wou een dann ee Wuert kann antippen, an duerno et sichen:

 
Wann dat Wuert e puer mol op där Säit vir kënnt, kann ee mat de Feiler (riets) vu Wuert zu Wuert sprangen.

 

 

Regruppement no dem Industrietyp:

Déi verschiddenen Themesaiten:

 

 

Et kann ee och e puer vun dëse Funktiounen combinéieren. Wann een dann nach ëmmer eppes net sollt fannen, gët et nach ëmmer d’industrie.lu-Helpline: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein. 

Ennerstëtzt industrie.lu

Um Internet-Site "www.industrie.lu" ginn op iwwert 13.700 Säiten d’Geschicht vun Industrien, Fabriken, Produkter, etc. vu Lëtzebuerg, an doriwwer eraus, virgestallt. D’Alldagskultur vu Lëtzebuerg gëtt heimat dokumentéiert. Leider ginn et vu villen Industrien keng Archiven méi, an all Informatioun muss ewéi an engem Puzzle stëckweis zesummegesicht ginn. All Informatioun ass an dësem Puzzle wichteg!

Bei dësem Projet, kënn Dir eis weiderhëllefen mat aalen Dokumenter, Bréiwer, Prospekter, Rechnungen, Aktien, Produkter an hir Verpackung, Reklammen, Fotoen, Bicher, a soss Informatiounen vun lëtzebuerger Industrien a Fabriken. Jidder zousätzlech Informatioun a jiddwer Foto ass wëllkomm. D’Original kritt Dir natierlech zréck!

Mir hunn zënter iwwert 20 Joer ganz vill Zäit a Suen an dësen Projet investéiert.

Wann eise Projet Iech gefällt, kënn Dir den industrie.lu - Projet awer och mat liken / followen vun eise Säiten op Facebook / Instagram, mat engem Don, mat Sponsoring, etc ënnerstëtzen.
 

 

Mir soen am Viraus villmools Merci fir all Ënnerstëtzung!

 

industrie.lu a.s.b.l.

c/o Jean-Marie Ottelé
8 rue Roger Frisch
L-4956 Hautcharage

Email: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Phone: +(352) 621 648 343


IBAN: LU45 1111 2423 6963 0000 BIC: CCPLLULL

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Unterstützen Sie #SaveThePast

industrie.lu - Eine Webseite als Nation Branding

industrie.lu - Eine Webseite als Nation Branding

 

industrie.lu-Login