Schengener Hefefabrik - 1969

More
6 years 4 months ago #383 by admin
Replied by admin on topic Schengener Hefefabrik - 1969
D'Schengener Hieffabrik war, laut den Informatiounen déi bis elo erakoumen, just ee Projet. Amplaz vun "der neuen Schengener Hefefabrik" wier méi richteg gewiescht: "der geplanten Schengener Hefefabrik" ze schreiwen.
Et wier trotzdeem interessant weider Informatiounen iwwert dee Projet gewuer ze ginn, z.B. wien dat geplangt hat.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
6 years 4 months ago - 6 years 4 months ago #382 by jmo
Schengener Hefefabrik - 1969 was created by jmo
Wien wees eppes iwwert d'Schengener Hieffabrik, déi a folgendem Artikel aus dem "Land" vum 8.8.1969 ernimmt gët?


Vu wéini bis wéini huet se existéiert?
Wou war se genee? Steet dat Gebai haut nach?
Wien hat se gegrënnt?
Ginn ët Fotoën oder soss Dokumenter dovun?

Villmools Merci am Viraus! info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Map (test)

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login