Wei eng Maschine ass daad ?

More
7 months 1 week ago - 7 months 1 week ago #787 by Fordsierra88
Replied by Fordsierra88 on topic Wei eng Maschine ass daad ?

admin wrote: Gudden Owend,

Wéi ass den Numm vun Ärem Bop? Wou ass hien op där Foto: lénks - mëtt - riets?

Dës Informatiounen gingen eis weiderhëllefen.

Villmolls Merci am Viraus!



Gudden Nowend,

Merci fir deng Reckmeldung.

Théodore genannt "Téid" Zimmer vu Péiteng. Gebuer war en 15.5.1910 an gestuwen 1970.
Vläit hellefen dei Daten weiter. Et misst den an der Mett sinn.

Villmols Merci fir deng Hellef.
The following user(s) said Thank You: admin

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
7 months 1 week ago #786 by admin
Replied by admin on topic Wei eng Maschine ass daad ?
Gudden Owend,

Wéi ass den Numm vun Ärem Bop? Wou ass hien op där Foto: lénks - mëtt - riets?

Dës Informatiounen gingen eis weiderhëllefen.

Villmolls Merci am Viraus!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
7 months 1 week ago #785 by Fordsierra88
Replied by Fordsierra88 on topic Wei eng Maschine ass daad ?
Hallo Claude,

Villmols merci fir deng Reckmeldung an virallem fir deng Hellef. Mat der Info kommen mol weiter an domad kann ech mol an der Mine "Cockrill" nofroen. Daad maan och am Laaf vun der nächster Wooch.

Wann mei wess, schreiwen daad natierlech hei am Thead. Vielleicht kann een io daad och hei op Säit berfügen. Wann ech besser Foto fannen-

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
7 months 1 week ago #784 by admin
Replied by admin on topic Wei eng Maschine ass daad ?
Hei d'Äntwert vum Claude Hermes:

Dëst misst eng Diesel-Maschinn vun der Firma MODAG vun Darmstadt sinn. de.wikipedia.org/wiki/Motorenfabrik_Darmstadt


Wat dess Maschinn elo mat hirem grousse Rad, dat mär hei riets op der Foto (roude Feil) gesinn ugedriwwen huet weess ech net.
Ech ka mär och net virstellen dass dess Dieselmaschinn an enger Galerie stoung, géif se jo hei duerch hier Ofgasen d'Loft nach méi schiedlech maache wéi se scho wor.
Ech huelen also un dass se an engem Gebai zum Asaz komm as.
Hei stoung se warscheinlech esou ewéi op dem Bild wat ech um Internet fonnt hunn op engem Bëtongssockel an ass just vir den Transport an den Atelier op ee Gestell vun engem Buggi gestallt ginn.

Ech hoffen iech heimaden e besien weider gehollef ze hunn a vläicht fann der och nach emol eraus wou se stoung a wat se genau ugedriwwen huet.

MbG

Claude Hermes
The following user(s) said Thank You: Fordsierra88

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
7 months 1 week ago #783 by UP3985
Replied by UP3985 on topic Wei eng Maschine ass daad ?
Mat MODAG komme mer weider:
de.wikipedia.org/wiki/Motorenfabrik_Darmstadt
A+

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
7 months 1 week ago - 7 months 1 week ago #782 by Fordsierra88
Wei eng Maschine ass daad ? was created by Fordsierra88
Gudden Nowend,

Ech hun d'Fotoalbum vun mengen Ur-Grouss an Grousseltern fonnt an mäin Boop huet zu Esch an der Mine Cockerill (Kaatzbierg) geschafft als Diesel-Mechaniker un den Diesellokomotiven. Am Album hun ech eng Foto mat him firun enger Maschine fonnt, dei wou ech gären wessen waat daad fir eng Maschine ass. Ech hun schon verschiedenen Leid gefroet dei an dem Thema bewandert sinn awer dei konnten mir et leider net soen.

Op der Maschine steet "MODAC" oder HODAC" et geet leider bessi enger Ketten verdeckt. Ech siichen schon iwer 2 Meint no der Maschine an am Internet fannen ech leider näischt. Mäi Boop kann ech leider och net mei froen. Hen ass fréi un Stepsloung verstuewen.

Villmols merci fir d'Hellef.
Mat beschten Greiss

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.102 seconds
Go to top