Hei d'Äntwert zum Thema Bohn- an Rasenerz vum Claude Hermes:
Rasenerz, minerai de fer tendre, fanne mär an de Flossdeller. (Alzette,Korn,Mamer,Petruss, Eich..) Et huet een Eisegehalt zweschen 30-40 % an ee Phosphorgehalt vun 0,5 - 3,5 %.
Bohnerz, minerai de fer fort, „Waakeminette“ fanne mär op de Koppen vu Rëmeleng an Deifferdeng. Dest huet een Eisegehalt vun 35-50 % an ee Phosphorgehalt vun 0,1-0,4 %.
Op enger Kaart am
Louis Lentz sengem Buch
gesi mär wou dëst Äerz ze fannen ass a wou dëst ofgebaut ginn ass.
An engem Buch vum Fernand Lorang liese mär dass esou „Héichiewen „ zu Fischbach/Mersch (2), Bissen (2), Rollingen (2), Berburg (1), Colmarberg (1), Grundhof (1), Ansemburg (1) an Dommeldingen (1) gestaanen hun.