Toni a Maati, 2 Kutschebauer vun Iechternach - Hämelmaus

More
7 years 4 months ago - 7 years 4 months ago #242 by jmo
Hei ass de Gebuertsschain vum Toni a Maati Schiltz:
Si waren Zwillingen a sin den 24. Juli 1849 zu Iechternach gebueren. Hir Eltere waren de Michel (Nicolas?) a Susanne Schiltz.

Den Ton a Maati koumen 1872 an Clay County / USA.
1875 sin si op Clay Center, Kansas geplënnert.

Hir Elteren koumen 1888 no, an hun 3 Jongen matbruecht, ee weidert ass a Kansas op d'Welt komm.

De Maati (Mathew) ass 1904 gestuerwen, den Anthony 1930. Si sin um Greenwood Cemetery, Clay Center, Kansas begruewen.
Last edit: 7 years 4 months ago by jmo.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
7 years 4 months ago - 7 years 4 months ago #240 by jmo
Mëttlerweil hu mer folgendes erausfonnt:


Am "US Census" vun 1880 fënnt een zu Clay Center (Kansas) e.a. den:
Anthony (=Toni) Schiltz * 1850 Luxembourg
Mathew (= Maati) Schiltz * 1850 Luxembourg

An de "Clay County Directories 1884-1885 Kansas State Official Gazetteer and Business Directory R. L. Polk & Company" fënnt een zu CLAY CENTRE e.a.:
"Schilts Bros (Anthony and Matthew), blacksmiths, farm impts and coal."


D'Virnimm vun denen 2 Bridder stëmmen, Clay Center - Kansas als Stad klappt, De Beruf Schmatt méih oder wéineger och. De Schmatt huet jo d'Bänner op d'Rieder vun de Ween gemach, hien hat also och eppes mat Kutschebau ze din...


Clay Center, (Centre) Kansas gouf 1862 allerdings vum Alonzo an John Dexter gegrënnt. (The establish date is 1869 and went through the land patent in 1873.). Vleicht waren déi 2 Bridder vun Ufank un dobai.

Villmols merci un d'Diana Shaner vum Clay County Historical Society and Museum fir all Hëllef bei dëser Recherche!

All weider Info ass wëllkomm!
Last edit: 7 years 4 months ago by jmo.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
7 years 5 months ago - 7 years 5 months ago #237 by jmo
D'Geschicht vun de Bridder Toni a Maati, 2 Kutschebauer vun Iechternach déi an Amerika ausgewandert waren an 1883-84 op Iechternach zreckkoumen an dun gutt gefeiert hun, ass laut dem Artikel „Echternach, liebe alte Stadt" vum Marcel SIMON (Tageblatt 2.19.1950) am Lidd Hämelmaus veréiwescht:

"Echternach 1883-1884. Es ging hier schon die Rede von Echternacher Amerikafahrern. In jenem Jahre kamen zwei Brüder von jenseits des Meeres in die alte Heimat, und man sah es ihrem ganzen Gehabe an, daß sie es drüben zu etwas gebracht hatten. Sie waren ihres Zeichens Kutschenbauer und sprachen sogar davon, daß sie die amerikanische Stadt Clay Center gegründet hätten."


Elo wier ët natiirlëch interessant fir erauszefannen wat un där Geschicht drun ass a wéi de Familiennumm vum Toni (Antoine) a Maati (Mathias) war.

Kinnt ët sëch hei eventuell ëm d'Bridder / Cousinen Diedling / Dideling, Echternach handelen?


Villmols merci am Viraus fir all Tuyau!

This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
Last edit: 7 years 5 months ago by jmo.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.079 seconds
Go to top