industrie.lu - D'Industriegeschicht vu Lëtzebuerg, an doriwwer eraus
Ënnerstëtzt industrie.lu
- mat Informatiounen / alen Dokumenter / Fotoen / Verbesserungen
- mat engem Abo oder Like vun eiser Facebook-Säit an eiser Instagram-Säit
- mat der Bestellung vum industrie.lu - USB Stick:
- mat engem Don, well eise Projet gréisstendeels duerch privat Spenden finanzéiert gëtt.
Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!
Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!
News
industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren
Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.
Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL) iwwerwise gëtt, mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.
All Ënnerstëtzung zielt - Villmools Merci am Viraus !
Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.
Wéi sichen & fannen um industrie.lu?
Den industrie.lu gët all Dag méi grouss. Duerfir ginn et verschidde Méiglechkeeten eppes um industrie.lu ze sichen an och ze fannen:
D’industrie.lu-Sich-Funktioun:

Gitt een oder méih Wieder an fir ze sichen, zB: Mersch Gierwerei
'*' an '?' kënnen als Jokerën benotzt gin, z.B. Luxem* fir glaichzaitëg Luxemburg an Luxembourg ze sichen, oder Du?ont, fir glaichzaitëg Dumont an Dupont ze sichen.
Lescht Ännerungen - Last Updates - Dernières modifications - Letzte Änderungen
Déi regelméisseg Visiteuren fannen déi lescht Ännerungen um industrie.lu chronologesch sortéiert an der Rubrik Updates. Esou kann ee matverfollegen ewéi den industrie.lu sech weider entwéckelt an op wéi enge Säiten eppes geännert huet.
Do gesäit een och déi aktuell Unzuel Säiten:
Et gëtt also ee Grond fir all Dag um industrie.lu laanscht ze surfen...
Sich op Säit - Find in page – Recherche sur page – Suche auf Seite
Verschidde Säiten um industrie sin zimlech laang an duerfir ass net ëmmer einfach e bestëmmt Wuert erëmzefannen. D'Sich vun engem bestëmmte Wuert op enger laanger Säit hänkt awer vun der Maschinn of, wou een drop schafft:
- Windows : d'Ctrl-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
- Mac : d'Command-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
- Android: uewen riets op déi 3 Punkten tippen, an duerno "Find in page" benotzen.

- iOS (Iphone/Ipad): op de Share-Käppchen (Këscht mat Feil no uewen) drécken,

an dann "Find on page" selektionéieren:

Da geet jeweils eng kleng Fënster op (ënnen oder uewen, jee no Browser) wou een dann ee Wuert kann antippen, an duerno et sichen:

Wann dat Wuert e puer mol op där Säit vir kënnt, kann ee mat de Feiler (riets) vu Wuert zu Wuert sprangen.
Regruppement no dem Industrietyp:

Déi verschiddenen Themesaiten:

Et kann ee och e puer vun dëse Funktiounen combinéieren. Wann een dann nach ëmmer eppes net sollt fannen, gët et nach ëmmer d’industrie.lu-Helpline:

