Ramborn Cider Co
Bur - Born / Luxembourg

Site officiel: ramborn.com

Historique - Geschichtlicher Überblick
  Ramborn
23, Duerfstrooss
L-6660 Born
   
 
 

 

 

Farmhouse 7%

Ramborn Farmhouse ass eng Art Hommage un den Cider esou wéi en joerhonnertenlaang hei zu Lëtzebuerg als Viez gedronk gouf.

Traditionell Äppelzorten goufen speziell fir dësen Cider zesummegesicht an gepresst, liicht karboniséiert fir mat den Methoden vun haut, een Cider vun fréier hierzestellen.

D’Resultat as een dreschenen Cider, voller Charakter - perfekt fir mat engem gudden Stéck Fleesch oder engem traditionellen Stéck Kéis.

  Somerset Blend 6.4%

Ramborn Somerset Blend ass eng eenzegaarteg Zesummesetzung vun Lëtzebuerger an Engleschem Cider.

Traditionell Lëtzebuerger Dessert an Viez Äppelvariatiounen kombinéiert mat den historeschen engleschen, tannin-räichen Cider Äppel aus der West Country Regioun.

 

CM Blend 5,8%

Dëse frësche spruddelege Cider läscht all Duuscht, agreabel dréchen an awer fruchteg, aus deenen exquisite Rambo Äppel gemaach, déi d’Duerf Bur aus dem Naturpark Mëllerdall fréier bekannt gemaach hunn.

 

Perry 5,1 %

Gemaach aus Biren vun der ëstlecher Sauer an Musel Säit, guff eisen Perry am Kader vum den Ramborn Engagement zum Schutz vun den Bongerten an traditionelle eenzegaarteg Uebstzorten, kreéiert.

Am Géigendeel vun Äppel, räifen d’Biiren vun bannen no baussen, wat fir eis bedeit, dat mir waarden mussen, bis d’Biren zeideg sinn an vum selwen vun den Beem fällen, éier mir se sammelen kennen. An dëst meescht den Perry och esou edel an enzegarteg.

 

Bibliographie

Liens / Links
 

This is not the official page of this company / person. Any information or picture completing these pages is welcome! For more information just send us an e-mail.

Ceci n'est pas la page officielle de cette firme / personne. Toute information ou photo pouvant compléter ces pages est la bienvenue! Pour des informations supplémentaires, veuillez nous envoyer simplement un e-mail.

Dies ist nicht die offizielle Seite dieser Firma / Person. Jede Information oder jedes Foto, welche(s) diese Seiten vervollständigen, ist herzlich willkommen! Für mehr Informationen, senden Sie uns einfach eine E-mail.

 

Created by / Créé par / Copyright: jmo