Photograph
Photographe
Fotograf
Kremer - Wagner Jean-Pierre
Käerch - Koerich




Historique - Geschichtlicher Überblick
   
  Kremer-Wagner Jean-Pierre, photographe, Koerich
   
   
 

Den Jean-Pierre KREMER ass zu Käerch an engem Haus um Déckebierg (rue de la Montagne) de 4. Januar 1880 gebuer. Seng Eltere waren den Dominique KREMER an d’Marie DELCOUR.

Laut mëndlecher Iwwerliwwerung wär hien fir d’éischt an engem Klouschter Brudder oder Pater gewiescht, wouduerch hien ëmmer « de Pater » genannt gouf. Do hätt hien och d’Fotographie geléiert. Anerer hu gesot, se hätten ‘en esou genannt, well hien e Baart gedroen hätt. Béid Versiounen sinn awer nach ze iwwerpréiwen.

Bestuet huet hien sech 1914 zu Béiwen/Atert mat enger Hiewan, dem Suzanne WAGNER (1895-1971) vu Brouch bei Miersch. Si ass zu Käerch « Patesch Siss » genannt gin.

Si hate just ee Jong, de Jean-Pierre KREMER alias « Patesch Jim » (1916-1971).

De Jean-Pierre KREMER-WAGNER huet an der Ëmgéigend vu Käerch an och doriwwer eraus vill Fotoe gemaach, haaptsächlech Gruppebiller wéi Hochzäiten oder Klassefotoen tëschent ca 1921 an 1956.


Kremer-Wagner, photographe, Koerich - 1929 (Carte postale: KREMER-WAGNER, Koerich; collection A.-M.EVERARD) - Op dëser Postkaart déi hien selwer editéiert huet, schreiwt hien enger Schouljoffer aus der Millebaach, dass hien wéi ofgemaach, den 8.11.1929 bei si Fotoe maache kéim.


Den 1. Mäerz 1958 stierwt de Fotograf zu Käerch a gët och do begruewen. (© Photo: Fernand Toussaint N° 5040)

12.2022 - Anne-Marie EVERARD

   
   
   
   
 


Vu lénks no riets : De Fotograph Jean-Pierre KREMER a séng Fra Suzanne WAGNER, d’Irma SCHAAF mat der wäisser Kaz an de Jean-Pierre WAGNER (fils) hannert hirem Haus  8 rue de l’Ecole zu Käerch. D’Haus besteht iwwregens nach. (Archiv (N° 15644) - Collectioun Irma MOES-SCHAAF)

   
   
   
   

 


Hôtel du Château, Ansembourg, Prop. M. Heschbourg Prop. Neiertz-Lewen, tél: 30440 (Carte postale: Foto Kremer-Wagner, Koerich; Collection: industrie.lu)


Pumpstation der interkommunalen Wasserleitung zu Koerich - <=1929 (Carte postale: Edit.: Kremer-Wagner, photographe, Koerich; collection: industrie.lu)


Pumpstation der interkommunalen Wasserleitung zu Koerich - <=1929 (Carte postale: Edit.: Kremer-Wagner, Photogr., Koerich; collection A.-M.EVERARD)


Villa St-Hubert - Jagdhaus zu Koerich - Villa Wykerslooth - <=1919 (Carte postale: J.-P. Kremer, Photogr., Koerich; collection: industrie.lu)


Villa St-Hubert - Jagdhaus zu Koerich - <=1928 (Carte postale: Edit.: Kremer-Wagner, Photogr., Koerich; collection Fernand Toussaint)


Kopstal - Date poste 4.5.1960 (Carte postale: Edit.: Kremer-Wagner, Photogr., Koerich; Collection: industrie.lu)


Hôtel Hoffmann, Septfontaines-Simmern (Carte postale: Foto Kremer-Wagner, Koerich; Collection: industrie.lu)


Bibliographie
  Titel - Titre
Author - Auteur - Autor
Date
Edition - Verlag
Contents - Contenu - Inhalt
Pages - Seiten
ISBN
    Anne-Marie EVERARD, Fernand TOUSSAINT 12.2022        

Liens / Links
Photographen zu Lëtzebuerg - Photographes au Luxembourg - Fotografen in Luxemburg
Editeurs de Cartes Postales - Postkarten-Herausgeber

This is not the official page of this company / person. Any information or picture completing these pages is welcome! For more information just send us an e-mail.

Ceci n'est pas la page officielle de cette firme / personne. Toute information ou photo pouvant compléter ces pages est la bienvenue! Pour des informations supplémentaires, veuillez nous envoyer simplement un e-mail.

Dies ist nicht die offizielle Seite dieser Firma / Person. Jede Information oder jedes Foto, welche(s) diese Seiten vervollständigen, ist herzlich willkommen! Für mehr Informationen, senden Sie uns einfach eine E-mail.

 

Created by / Créé par / Copyright: jmo