Bistrotskaraffen: Lanter, Kareli, Joffer, etc.

More
9 years 8 months ago - 9 years 8 months ago #91 by jmo
Hei ass eng Fro déi mer vum Här Kohn gemailt kruten:


Gewéinlech haten d'Bistrotskaraffen 7 verschidden Moossen. Esou wéi ech ëmmer fréier verzielt krouch, wor de Kareli (Quarli) d’Mooss fir een Véierelsliter. Verschidden Sammler behapten den halwe Liter gif esou genannt gin. Dat licht mär awer nët an.

All Karaffemoss hat een anere Num. Am Artikel iwwer Mossen a Gewichter ze Lëtzebuerg, vum Henri Rinnen, liest een dass de Liter eng "Lanter" genannt gouf. Den halwe Liter "Schappen" oder "Hälleftchen". "D'Joffer" oder "Jëfferchen" as 1/8 l Schnaps oder Wein, "d'Pëppchen" as 1/4 l . De Kareli as normalerweis, wéi de Numm et seet 1/4 l. Regional as et och mol 1/10 l oder esouguer 1/8 l.


Wien kann sech un déi aner Nimm erënneren?
Last edit: 9 years 8 months ago by jmo.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.067 seconds
Go to top