Geléist: Letzte Postkutschenfahrt von Clement, Bourglinster

More
7 years 1 month ago #269 by jmo
Op dëser Plaz war den Hotel Restaurant Brandenburger-Erpelding:

Klees - Fox, vis-à-vis der Paterskirche - 1919 (Extrait d'une facture de 4.1919; collection ANLux)
Möbel, Bettwaren, Teppiche, Zimmereinrichtungen, Dekorationen, Linoleum

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
7 years 2 months ago #262 by admin
Gudden Owend,

den Hotel Restaurant Brandenburger-Erpelding, bei der Paterkierch war mengen Grousspapp sein. Haut ass do nach alles genau esou ! Dat mech awer Freed déi Foto ze gesinn, hun nach eng aaner wou se all virun der Dir setzen. Mäi Grouspapp steet rechts vum Päerd.

mat beschte Grèiss

Robert Brandy

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
9 years 3 weeks ago - 7 years 3 months ago #128 by jmo
Hei d'Informatiounen déi mer vum Här Jean Clement, gérant-associé vu Voyages Josy Clement kruten:

"Laut méngen Kenntnisser war dat hei effektiv déi lescht Fahrt vun der Postkutsch vun der Famill Clement vu Buerglënster.


Wéini wor dat?

Bei eis an der Famill huet et ëmmer geheescht, dass déi Foto op Sylvester 1923 gemaach gouf, well ab Januar 1924 keng Postkutschen méi hun dierfe fueren.


Wou gouf déi Foto gemaach?

An der Stad an der rue Beaumont nierwend der Paterkierch.

Wat op der Foto den Hotel Brandenburger-… war, misst haut "Coiffure Chez Fred" heeschen. Am Street View op Google Earth fënnt ee markant Detailler vun der Façade erëm.


Wien ass op där Foto ze erkennen?

Laut allen Ausso’ën aus der Famill sinn zwo Persounen op däer Foto bekannt :

Um Kutscherbock setzt de „Post-Jacques“

Tëscht de Päerd steet mäi Grousspapp, den Henri Clement. Ech kann Iech daat nët sécher confirméieren well mäi Grousspapp hätt deemools 16 Joër gehaat. Vun enger aanerer Quell heescht et, et wier méngem Grousspapp säi Brudder, de Josy Clement (1905-1927). Deen hätt zum Zäitpunkt vun dëser Photo 19 Joër gehaat wat, mengem Gefill no, vläicht éischter géif stëmmen.

Déi aaner Leit op der Foto si mier nët bekannt a wahrscheinlech éischter Passanten, déi wollte mat op eng Photo kommen."

Villmols merci fir déi séier Äntwert!
Last edit: 7 years 3 months ago by admin.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
9 years 3 weeks ago - 9 years 3 weeks ago #126 by admin
Wou genee gouf dës Foto gemach?
Wou wor dësen Hotel Brandenburger - Er... ? Lenks nierwendrun ee Geschäft mat Clubmöbel:

Letzte Postkutschenfahrt des Unternehmers Clement aus Bourglinster, hier vor dem Hotel Brandenburger - Er... (Collection: Marco Schaul)

Villmols merci am Viraus fir all Hëllef!

Jean-Marie Ottelé

Tél: 621 247 909
E-Mail: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
Last edit: 9 years 3 weeks ago by admin.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.084 seconds
Go to top