|
|
Medernach |
|
|
Bâtiment de l'ancienne Fabrique de brosses Nicolas Wolff, Medernach (Photo: Hiver 2010/2011 Thésy Mollitor - Wolff)
Historique - Geschichtlicher Überblick
1929/30 Kaaf vum Gebai, dat spéider fir d’Biischtefabrik ëmgebaut gouf. Et huet aus engem Päerdsstall, enger Scheier, engem Stall an enger Bakes bestaan. Et gouf deemols vum Charles Antoine Gustave Wolff, Papp vum Nicolas Wolff, vun engem jiddischen Matbierger ofkaaft. Den Nicolas Wolff huet et spéider vum Papp iwwerholl fir et ëmzebauen. 1933 Nicolas Wolff travaille dans la Fabrique de brosses Lemogne
Den Nicolas Wolff schafft a léiert säi Beruff an der Biischtefabrik Lemogne, wou hien och zoustänneg fir d’Opriichten an d’Wartung vun de Machinen as.
1936
Fondation - Gründung:
Fabrique de brosses Nicolas Wolff
55 rue de Savelborn, MedernachGrënner:
Nicolas Wolff vu Miedernach, gebuer 6/12/1905 a gestuerwen zu Hermeskeil, den 16/01/1944 (Naziopfer aus dem KZ Hinzert).
1929 / 1930D’Grënnung vun der Biischtefabrik zu Miedernach, 55 Suewelburerstrooss
Den Nicolas Wolff hat ee Motto:
„ Ech ginn net e ganzt Liewen schaffen an man deenen aneren Leit hire Räichtum.“
Duerfir huet hien beschloss säin eegenen Betrieb ze grënnen.Capital: 30.000 fr 1936 – 1943 Wéi de Betrieb bis gutt gelaaf as, huet en Hëllefskraaft gebraucht. Hien huet bis zum Schluss mat 3 Aarbechter an 1 Schreifkraaft geschafft. Dobäi huet hien selwer 3 Deeg an der Woch mat an der Produktioun geschafft, 2 Deeg as Opträg siche gaang an 1 Dag huet en ausgeliwwert. Seng Fra huet dobäi och nach hallef matgeschafft. 1943 – 1944 Den Nicolas Wolff huet am Krich gehollef d’Jongen ze verstoppen, huet Iessen gesammelt fir si an hire Stoppen domadder ze versuergen. Hien huet d’Leit alleguer kannt, déi déi verstoppt waren, déi déi se verstoppt haten an d’Famillen, déi eppes domadder ze dinn haten. Iergendwann gouf hien bäi den Däitschen ugeschmiert an hien gouf den 12/10/1943 vun der Gestapo verhafft.
D’Statiounen waren Villa Pauly an dunn op Hinzert an d’KZ. No nach sou groussen Torturen huet hien keen vun deenen an déi 40 Famillen, déi bedeelegt waren, verroden. Hien as den 16/01/1944 zu Hermeskeil un enger „Longenentzündung“ gestuerwen. D’Famill krut eng Kap mat engem Schosslach heemgeschéckt an si wossten dunn, datt hien dout war.
12.10.1943 Nicolas Wolff, Resistenzler, wird von den Deutschen verhaftet 16.1.1944 Nicolas Wolff wird im KZ Hinzert erschossen Fabrique de brosses Lemogne rachète les machines de production et le stock
Seng Fra, d’Leonie Wolff-Decker huet missen d’Machinen an d’Wuer verkaafen fir d’Schold ze begläichen, déi si gemaach haten. D’Brosserie Lemogne huet d’Machinen an d’Wuer opkaaft. D’Gebai gouf gehalen an spéider fir Wunnhaus ëmgebaut.
Produits - Produkte
Début production Fin production
| Bibliographie | |||||||
| Titel - Titre |
|
|
|
|
|
|
|
| Mollitor-Wolff Thésy | 2010 | ||||||
| Liens / Links |
| Bischtenfabriken zu Lëtzebuerg / Brosseries au Luxembourg / Bürstenfabriken in Luxemburg |
|
This is not the official page of this company. Any information or picture completing these pages is welcome! For more information just send us an e-mail. Ceci n'est pas la page officielle de cette firme. Toute information ou photo pouvant compléter ces pages est la bienvenue! Pour des informations supplémentaires, veuillez nous envoyer simplement un e-mail. Dies ist nicht die offizielle Seite dieser Firma. Jede Information oder jedes Foto, welche(s) diese Seiten vervollständigen, ist herzlich willkommen! Für mehr Informationen, senden Sie uns einfach eine E-mail. |
|
Created by / Créé par / Copyright: jmo Last update / Dernière mise-à-jour:
3.2.2011
|