Zënter e puer Deeg ass een lëtzebuerger Ducal - Radio "Mikado" mat Plackespiller an der industrie.lu - Collectioun:

Dëse Radio hu mer an Daitschland an der Géigend vu Frankfurt / Main fonnt.

D'Ducal-Radiosfabrik war an der aaler Händschefabrik am Gronn. D'Holzgehaiser vun de  Radioën goufen zum gréissten Deel a Miwwelschrainereien wéi z. B. Heintz-Walch, Dikkrech gebaut. D'Blech - Chassisën koumen vu Berl, der eelster lëtzebuerger Fabrik déi nach ëmmer Produkter aus Blech produzéiert.
Den agebauten Plackespiller selwer ass awer keng lëtzebuerger Produktioun. Et ass een engleschen Garrard Model R.C. 70A 10" / 12" Automatic Record Changer.

Biselo hu mer 3 lëtzebuerger Radioën an der industrie.lu - Collectioun: 2 Ducal - Radioën, an 1 Jibelux - Radio.

Den 2. Ducal - Radio ass de Modell "Cadet". Dee gouf iwregens och an Daitschland fonnt.

Ducal war e ganz dynamesche Betrieb an huet ewéi ee gesait nom 2. Weltkrich och eng Partie Radioën exportéiert.

 

De Jibelux - Radio ass ee raren Art Déco - Virkrichsmodell dee mer virun e puer Joër an England récupéréiert hun. Dëse Radio gouf ëm 1935 vum Jean Borck an der Stad gebaut.

Jibelux stet fir:  Jean Borck Luxembourg

De Prinzip vun industrie.lu ass nët fir mordicus alles selwer ze hun, mais haapstsächlëch fir Informatiounen zesummenzedroën. Fotoën / Scans / Copien gin duer fir aus ville Puzzlestëcker ee méih komplett Bild ze maachen!

Mir freeën eis natirlëch och iwert all weidert Stëck!

Zum Seitenanfang