Geléist: Onbekannten Pavillon / Chalet Herrenberg, Diekirch 1898

Mehr
7 Jahre 11 Monate her #199 von jmo
Laut dem Marco Prim wor dat Gebai de Wassertuerm vum Hôtel des Ardennes!

Villmols merci fir déi Info!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
8 Jahre 1 Woche her - 8 Jahre 1 Woche her #194 von jmo

Herrenberg, Diekirch
Hei ass eng Foto vun 1919 mat engem amerikaneschen Zaldot déi aus dem "Pavillon" eraus op Dikkrech fotograféiert gouf.

Hei ass eng Foto vum 18.3.2016:

Sin hei d'Iwerreschter vun dem Pavillon / Chalet am Hiwel vum Härebierg ze gesin?
Lënks ee gotesche Bou (dee gin jo mol gutt passen!), riets 2 romanesch Béi...
Letzte Änderung: 8 Jahre 1 Woche her von admin.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
8 Jahre 2 Monate her - 8 Jahre 1 Monat her #192 von Fränk
Ech hun elo grad folgend Foto vun 1944/45 um Internet fonnt. Do ass dat Gebai och nach lënks uewen am Hiwel ze gesin!
Also huet ët nach nom 2. Weltkrich bestaan!
Letzte Änderung: 8 Jahre 1 Monat her von Fränk.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
9 Jahre 11 Monate her - 8 Jahre 1 Woche her #81 von jmo
Hei ass eng Foto vum Hôtel des Ardennes Diekirch ëm 1898:

Op där Foto gesait een am Hannergrond am Härebierg en appart Gebai. Et schingt 2 Stäck ze hun.
Den Hôtel des Ardennes (op der Foto déi 2 grouss draistäckeg Gebaier riets) war op der rietser Sait an der haiteger rue Alexis Heck wann ee Richtung Härebierg kuckt.

Wat war den Zweck vun dem Gebai am Bierg? Et louch an der selwechter Linn ewéi den Hôtel des Ardennes deen dem Alexis Heck gehéiert huet. War dat Zoufall?

Goufen do Quellen gefasst (Quellenhaus) an d'Gebai deelweis als Wassertuerm / Wasserspaicher benotzt? fir fléissend Waasser / fir ev. e Sprangbur / fir ev. e Weier am Hôtel des Ardennes?

War ët e Pavillon / Aussichtsturm / Belvédère fir Touristen? vum Hôtel des Ardennes?

Hat ët eppes mat der Brauerei ze din?

Oder hat ët soss een Zweck?

Vleicht gin ët och nach Fotoën vun dem Gebai vun no, oder aal Guiden vun där Zait fir Touristen wou den Zweck vum Gebai erklärt gët.


Unbekanntes Gebäude - Herrenberg, Diekirch

Villmols am Viraus fir all Hëllef!

Jean-Marie Ottelé

Tél: 621 247 909
E-Mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Last Edit: 1 we
Letzte Änderung: 8 Jahre 1 Woche her von admin.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.092 Sekunden
Zum Seitenanfang