Wéi eng Minière ass dëst? Geléist!

Mehr
6 Jahre 6 Monate her #298 von admin
Där frot hei wou des Minière ass. Hei schecken ech iech Fotoen an och een Text aus dem Buch „ Tetingen Rote Erde,Rundes Leder „. Op der Foto op der Säit 319 gesäit een des Galerien déi um Bromeschbierg sinn. Aus dem selweschten Buch och een Text Säit 308 an 309 iwwer den Bromeschbierg an den Holleschbierg. Aus dem Buch „ Bergbau im Luxemburger Minetterevier do sinn 2 Fotoen vun déier selweschter Plaaz ze gesinn. Hei schreift den Auteur et wier um Holleschbierg. Déi 2 Sachen kenne stemmen. Um Bromeschbierg ginn dess Galerien erann, sinn awer an Concessioun Holleschbierg gaangen. Um Concessioun’s Plang fend een nach den Numm vun dem Dagebau „ Anc. Minière Hainaut“. Mär sinn also hei zu Teiteng an der Gemeng Kayl.


Ech hoffen iech heimat e bessen weider gehollef ze hun.

Claude Hermes
Anhänge:

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
6 Jahre 8 Monate her - 6 Jahre 8 Monate her #287 von Ralph
Vleit Lederten zu Téiteng..

Lenks ennen as den heitegen Tunnel op Esch..Riets driwer d'Minière wou se sech am Krich dra verstoppt hun. Déi iewecht as fort well lo de Wee driwer geet.
Letzte Änderung: 6 Jahre 8 Monate her von admin.
Folgende Benutzer bedankten sich: jmo

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
6 Jahre 9 Monate her #286 von jmo
Wéi eng Minière ass dëst zu Remelëng?

Langegronn , ? Brommeschbierg ? oder?


(Source: La Métallurgie du Luxembourg, M. E. Faber - 1927)

Villmools merci am Viraus fir all Hëllef!

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.091 Sekunden
Zum Seitenanfang